Cybersécherheet ass, a gëtt an der informatiséierter Welt ëmmer méi wichteg, dat souwuel fir Entreprisen, de Staat an och am privaten.
Fir all Intresséiertem den Zougank zu der Welt vun der Cybersécherheet ze erliichteren, dofir engagéiert sech d’ ASBL Letzpwn. Een Engagement deen an éischter Linn drëm geet Leit zesummen ze brénge fir u nationale wéi och internationale Cybersecurity Concoursen deel ze huelen, wéi de President vu Letzpwn am Gespréich erkläert.