Nieft Molière, Voltaire oder Balzac gëllt de Schrëftsteller a politesche Publizist Victor Hugo fir vill Fransousen als hire gréissten Auteur. Zu Liefzäiten hat Lëtzebuerg et dem Fransous ugedoen. Hie war hei e puermol als Tourist hei ënnerwee an huet och fir e puer Wochen zu Veianen gelieft a gewunnt. Do hat hien en Zëmmer an engem Haus, an deem de Musée Victor Hugo ageriicht gouf.
Iwwer de Victor Hugo, seng Zäit hei am Land wéi och de Musée schwätzt d‘Invitée, Member vum Verwaltungsrot vun der ASBL Les amis de la maison de Victor Hugo à Vianden.