Liewe fir de Veräin
Patrick Majerus an Norbert Greven
46 min
Wien huet net schonn, als Kand oder Erwuessenen, an der Vakanz op der Plage mat Bulle gespillt. D’Geschicht vum Boule-Spill geet zeréck bis an d’5. Joerhonnert viru Christus. Am Laf vun de Joerhonnerte goufe verschidde Varianten erfonnt, respektiv gespillt. Datt a Frankräich Boule schonn am 14. Joerhonnert gespillt gouf, weise verschidden Dokumenter. Boule kann an der Fräizäit, awer och als Sport gespillt ginn.
Boule, respektiv Petanque, gëtt an der Gemeng Suessem schonn zanter 60 Joer gespillt, an dat zum Deel och ganz erfollegräich, wéi de Bilan vun der ASBL CBCBM, dem Cercle Bouliste et Culturel Belvaux-Metzerlach, weist.
De President an Éierepresident vun der ASBL mat Detailer