arrow_back_ios
Liewe fir de Veräin
Gilbert Hommel a Jeannot Clement
headphones
44 min
Lauschteren
play_arrow
Fréier war alles anescht. Dat gëllt besonnesch och, wat d’Filmen ugeet. Goufe virun e puer Joerzéngte lafend Biller op Zelluloid festgehalen, koumen am Amateurberäich an de 70er Joren déi éischt Videokameraen eraus. Déi goufen am Laf vun der Zäit ëmmer méi kleng a méi performant, analog gouf duerch digital ofgeléist. An hautdesdaags geet esouguer een Handy duer. Zanter 1953 ass de AMCIS-Vidéo-Club vu Schëffleng aktiv an huet esou och vill Interessantes ze erzielen.
Kultur
Kino
Politik a Gesellschaft
Interview