De Wanter ass do a wien d'Schisaison gär huet, muss net onbedéngt an d'Bierger fueren. Mat “Lonely Mountains: Snow Riders” geet et rapid Pisten erof.
D’Entwéckler vu “Lonely Mountains: Downhill” hunn de Mountainbike ausgetosch a setzen elo op spannend Schipisten. Relax am Zen-Modus oder packend am Multiplayer, am Spill gëtt et ganz vill Schnéi an erausfuerderend Pisten.