Wéi zu London d‘Läich vun engem 19-järege Jong an der Themse fonnt gouf, huet d‘Police no enger kuerzer Enquête den Dossier zougemaach. D‘Eltere vum Bouf hunn dunn op eegen Initiativ no Äntwerte gesicht. Den Investigativ-Journalist Patrick Radden Keefe huet si dobäi begleet a Schockéierendes opgedeckt.
"London Falling" ass ee Buch iwwer Influenz, Gäiz, an eng Stad, déi Milliardäre mat oppenen Äerm empfänkt, egal wat de Präis ass. D‘Claire Barthelemy huet d‘Buch gelies.