Bräi staark an determinéiert Fraen, déi géint hiert Ëmfeld musse struewelen, stoungen de leschte Samschdeg am Zentrum vun eiser Emissioun De grousse Kino: am Steven Spielberg sengem Blockbuster “Disclosure Day” d’Wiederfee, déi vun elo op gläich sämtlech Sproochen, jo esouguer “ausserierdesch”, beherrscht; an der Johanna Moder hirem “Mother’sBaby” eng Orchestercheffin, déi dorunner zweiwelt, datt hire Bëbee tatsächlech hire Fils ass; an an der Leyla Bouzid hirem “A voix basse” eng Walparäisserin, mat tuneeseschen Originnen, déi sech op eemol an der Heemecht fir hir Unerkennung asetzt. Eise Film vun der Woch ass ...”A voix basse” vun der Leyla Bouzid. Dozou méi vum Jeff Schinker a Vesna Andonovic
arrow_back_ios
Kultur
Der Filmredaktioun hire Filmtipp vun der Woch
Lauschteren
play_arrow
headphones
10 min
Episoden
Déi kinneklech Schwane-Parad
Eng Traditioun aus dem 12. Joerhonnert: Dat Ganzt nennt sech Swan Upping a vermëscht Folklor, Ëmweltschutz an d‘Wuelbefanne vun den Déieren.
Festival d'Avignon: Am Häerz vun der Däischtert
Um Enn vum Jeff Schinker sengem Theater-Marathon, deen deels bis spéit an d’Nuecht gaangen ass, schalte mir live op Avignon fir ee Bilan aus dem In an dem Off.
En neie Bléck op dem Edward Steichen säin Oeuvre op de Rencontres d’Arles
Nieft der Fotografie war d’Botanik dem Edward Steichen seng grouss Passioun.
Off Campus
Eng weider Äishockey-Romanz gëtt zum weltwäite Serien-Hit.
Figure vun der Monstruositéit 2/2
Am Gespréich mat der Lëtzebuerger Schauspillerin Clara Hertz an der Metteuse en scène Laëtitia Leroy iwwer d'Produktioun "Monstre-moi" an den Iwwerliewenskampf am Off zu Avignon
Figure vun der Monstruositéit 1/2
Am Gespréich mat der Lëtzebuerger Schauspillerin Clara Hertz an der Metteuse en scène Laëtitia Leroy iwwer d'Produktioun "Monstre-moi" an den Iwwerliewenskampf am Off zu Avignon
E Musée, wou d'Kanner d'Soen hunn 2/2
De Kannermusée Plomm stellt sech a säi Summerprogramm vir.
E Musée, wou d'Kanner d'Soen hunn 1/2
De Kannermusée Plomm stellt sech a säi Summerprogramm vir.
All is Whole
Eng Performance vun der Kënschlerin Françoise Odill
Eng Moundwanderung mat Astronauten, déi danzen
De 14. Juli war d'Katy Perry um Open Air bei der Luxexpo. Hei huet si gewisen, datt si nach ëmmer eng aussergewéinlech Live-Performerin ass.
E besonnesche Cadeau fir zeng Joer Lët’z Arles
Dem Edward Steichen seng Natur op de Rencontres d’Arles an am Märeler Parc
Metallica
Eng Concertskritik
En Äddi an en Ausbléck
Bei der Saisonspresentatioun gouf och dem aktuellen Direkter Claude Mangen Äddi gesot. E Gespréich mat him a senge Successeuren iwwer dat wat war, an dat wat kënnt.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Film vun der Woch: "La Chaleur"
Mat sengem summerlech-lethargesche Thriller zeechent de Stéphane Demoustier e Portrait vun der Jugend vun haut.
D'Tapisserie vu Bayeux op der Rees ...
... a gëtt am British Museum zu London ausgestallt.
Anna Valentiny, Edith Burggraff - De klenge Kannibal
E Kannerbuch - och fir déi Grouss
Beautiful Decay 2026
Eng Ruin an en Trupp Museknerds, dat ergëtt dach normalerweis eppes Guddes. De Beautiful Decay investéiert vun haut erëm d’Käercher Schlass mat Musek, Freed a Yoga.