No "Good Girls" ass d’Larisa Faber zeréck mat "The Land We Shared", een autofiktionalt Stéck iwwert Rumänien ënnert dem Ceausescu, de staarke Lien tëscht enger Enkelin an hirer Groussmam an der Erënnerung, déi bleift, wann een en Deel vu senger Kandheet an engem totalitäre Regime verbruecht huet.
De Jeff Schinker war d’Stéck kucken an ass beim Valerija Berdi am Studio, fir seng Andréck ze liwweren.