Enn den 1950er Joren a Rumänie war deen deemools ee Joer jonken Ungar András Visky zesumme mat senger Mamm a senge fënnef Geschwëster vum kommunistesche Regimm a Lageren deportéiert ginn. Dat als Strof dofir, datt hire Papp respektiv Mann, e protestantesche Paschtouer, als "Feind vum System" zu 22 Joer Prisong verurteelt gi war.
Joerzéngte méi spéit huet den András Visky - an Tëschenzäit e renomméierten Dramaturg - seng Erfarung, déi vu senger Famill an doriwwer eraus déi vun der ungarescher Minoritéit an Transsilvanien am elo op Däitsch iwwersate Roman "Die Aussiedlung" (Suhrkamp) verschafft.
De Michel Delage huet sech viru Kuerzem op der Leipziger Buchmesse mam ungareschen Auteur ënnerhalen.