Jonk sinn an Italie wärend de "bläie Joren" a jonk sinn haut. Den Dario Ferrari verbënnt déi zwou Zäiten a sengem Roman "La ricreazione è finita", rezent op Däitsch iwwersat ënner dem Titel "Die Pause ist vorbei" (Verlag Klaus Wagenbach).
D'Buch kombinéiert e frësche Bléck op de radikale politeschen Engagement an de 70er Jore mat enger Satir vum akademesche Milieu hautdesdaags.
De Michel Delage huet sech viru Kuerzem op der Leipziger Buchmesse mam italieenesche Schrëftsteller ënnerhalen.