Endlech Sonn! Wéi wier et dann am Februar scho mat Open-Air-Konscht? Ënner dem Titel "Storylines" si bis Enn Mee am ëffentlechen Espace zu Klierf eng hallef Dose Fotoexpoen ze gesinn. D’Ekipp vun der Cité de l‘image wollt mat hirem Choix verbildlechen, wéi Fotoe vum Liewen, vu Wandel an Emotiounen zielen, an datt se fir nei Geschichten an eise Käpp suerge kënnen. An den Arcadë vun der Grand-Rue kënnt Dir zum Beispill d’Serie “Die Sentimentalität der Dinge“ entdecken. Festgehalen huet déi d’Manon Diederich, ausgebilt Sozial- a Kulturanthropologin, haut fräischaffend Antidiskriminatiounstrainerin, mee och Autorin a Fotografin. Hir Klierfer Opnamen dokumentéieren Objeten an Erënnerungsstécker vu verschiddene Generatiounen, déi am Haus vun hirem Papp zeréckgelooss goufen. D’Kerstin Thalau ass vun der Manon Diederich méi doriwwer gewuer ginn.
arrow_back_ios
Kultur
D’Privatsphär als Informatiounsquell iwwer sozio-historesch Praktiken
Lauschteren
play_arrow
Manon Diederich (Foto: Radio 100,7)
headphones
21 min
mic_none
Presentéiert vum
- Kerstin Thalau
Episoden
"Wann et muss sinn, zeréckschloen!"
Fraen als Affer, déi sech net physesch wiere kënnen, net wiere sollen - dat Bild akzeptéiert d’Andrea Böhm net.
Jazz Days de Freideg zu Déifferdéng
Wann eng Musekschoul e puer Deeg fir den Jazz ausrifft, erwaart ee sech normalerweis keen internationale Line-Up ... ausser zu Déifferdeng.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vum aktuelle Filmprogramm mam Michel Delage
Film vun der Woch: "Dead Man's Wire"
Eng Geiselnam steet am Mëttelpunkt vum Amerikaner Gus Van Sant sengem neie Thriller.
Groove a Lullaby
E musikalesche Projet vun der Dominique Steiner a MeLUDIC fir déi ganz Famill
National Year of Reading
Am Land vum Winnie-the-Pooh liese Kanner esou wéineg wéi scho laang net méi. D'brittesch Regierung wëllt dat änneren an huet 2026 zum National Year of Reading deklaréiert.
"Entre-Temps": d'Compagne Philippe Découflé am Groussen Theater
De franséische Choreograph Philippe Découflé presentéiert mat "Entre-Temps" eng Aart dänzeresch Meditatioun iwwer d’Zäit am Groussen Theater.
Teaser B-Radio: "Wann et muss sinn, zeréckschloen!"
D’Bild vu Fraen als Affer, déi sech net physesch wiere kënnen, net wiere sollen - dat Bild akzeptéiert d’Andrea Böhm net.
Taskmaster
Pro Staffel kommen hei 5 brittesch Komiker a Komikerinnen zesummen a mussen absurd Aufgabe léisen.
Trumpiséierung vum franséische Verlagswiesen: eng Entloossung bei Grasset
Nodeems de Milliardär Vincent Bolloré den Dënschdeg den Olivier Nora, Direkter vun den Editions Grasset, entlooss huet, wëllen elo 115 Schrëftsteller d'Verlagshaus verloossen.
Angine de Poitrine: opgekacht oder revolutionär?
De Marc Clement an de Jeff Schinker versichen, den Hype ronderëm de kanadeschen Duo ze erklären.
Tëschent Café Ubu an Dada-Cave kritt déi jonk Konscht eng nei Plattform
Trampolin: Reaktivatioun vun der Escher Biennale des Jeunes vun 1989
"Comme ça et pas autrement": "Viens Élie" vum Jonas Sollberger
"Viens Élie" ass den Debutroman vum jonke Schwäizer Schrëftsteller Jonas Sollberger, deen et direkt gepackt huet, ee Buch bei de prestigiéisen Editions de Minuit erauszebréngen.
An der Philharmonie eng Stater Stroossekuliss opbauen
Musse Kulissebauer net och e bësse Schauspiller sinn?
Eternal Tango zu Kayl
Eigentlech gëtt et d'Band zanter 14 Joer net méi, elo gouf awer annoncéiert, datt si den 21. Juni op der Fête de la Musique zu Keel spillen.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Film vun der Woch: "Ghost Elefants"
A sengem Documentaire begleet de renomméierte Cineast Werner Herzog d'Sich no enger mythescher Elefantenzort.
Jonk Museker:inne fréi professionaliséieren
Am Gespréich mam Enseignant a Museker Ben Konen iwwer déi nei Musekproduktiounssektioun am Lycée Michel Lucius