Endlech Sonn! Wéi wier et dann am Februar scho mat Open-Air-Konscht? Ënner dem Titel "Storylines" si bis Enn Mee am ëffentlechen Espace zu Klierf eng hallef Dose Fotoexpoen ze gesinn. D’Ekipp vun der Cité de l‘image wollt mat hirem Choix verbildlechen, wéi Fotoe vum Liewen, vu Wandel an Emotiounen zielen, an datt se fir nei Geschichten an eise Käpp suerge kënnen. An den Arcadë vun der Grand-Rue kënnt Dir zum Beispill d’Serie “Die Sentimentalität der Dinge“ entdecken. Festgehalen huet déi d’Manon Diederich, ausgebilt Sozial- a Kulturanthropologin, haut fräischaffend Antidiskriminatiounstrainerin, mee och Autorin a Fotografin. Hir Klierfer Opnamen dokumentéieren Objeten an Erënnerungsstécker vu verschiddene Generatiounen, déi am Haus vun hirem Papp zeréckgelooss goufen. D’Kerstin Thalau ass vun der Manon Diederich méi doriwwer gewuer ginn.
arrow_back_ios
Kultur
D’Privatsphär als Informatiounsquell iwwer sozio-historesch Praktiken
Lauschteren
play_arrow
Manon Diederich (Foto: Radio 100,7)
headphones
21 min
mic_none
Presentéiert vum
- Kerstin Thalau
Episoden
Op der Sich no enger neier authentescher Welt am Mudam
D’Konstruktioun vun Identitéit a Selbstbild Versioun Simon Fujiwara
"Crystal Glass" - Nei Single vun TUYS
Eng éischt nei Single no enger roueger Zait - dat bedeit bei TUYS emmer den Ufank vun enger neier Phas. Mir läuschtere mam Gittarist Tun Biever eran an hoffen op e Scoop!
Spotify - ëmstridden
An de soziale Medien hunn Fans op de Boykott opgeruff
"Dat erënnert scho ganz staark u virmodern Strofregimmer"
De lénken éisträichesche Publizist Hannes Hofbauer analyséiert d'EU-Sanktiounen, déi elo och EU-Bierger betreffen.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Eppes muss sech änneren: "Prima Facie" a "Malaise dans la civilisation"
Ee verrécktent Metatheaterstéck am Kinneksbond an eng TNL-Produktioun aus dem Geriichtshaff: de Jeff Schinker mat sengen Andréck zu "Prima Facie" a "Malaise dans la civilisation"
Keen Cent méi vum Staat Israel: Am Gespréich mam Realisateur Nadav Lapid
Dem Nadav Lapid säi Film Yes ass ee formell experimentellt Wierk, dat sech mat der Identitéit vum Kënschtler an Israël nom 7. Oktober befaasst.
Anatomie vun enger Koppel: "Ex" vum Marius von Mayenburg
Een Interview mat der Eugénie Anselin an dem Antoine de Saint Phalle
Dystopesch Realitéiten aus dem Hutt zauberen: "Peuple de verre"
"Peuple de verre" vun der kanadescher Schrëftstellerin Catherine Leroux ass eng als Science-Fiction getarnten Erzielung iwwert eng Logement-Kris an ee repressive Staatsapparat.
An der Escher Squatfabrik stinn de Biesemen d’Hoer zu Bierg
D’Clio Van Aerde invitéiert op eng poetesch a kritesch Fréijoersbotz
Vun der Leipziger Buchmesse
De Michel Delage mat Andréck vun der Plaz.
Heated Rivalry
Vum Bestseller zum Streaming-Erfolleg: eng queer Äishockey-Serie
ENGLBRT - Nei Single "Godspeed"
Mat hirer Single "Godspeed" ginn ENGLBRT an eng nei Phas.
De Printatelier Empreinte presentéiert “Printmakers’ Square”
Empreinte: klassesch Drocktechniken an engem zäitgenëssesche Kontext
Schluechthaus Season Opening
D’Stad Lëtzebuerg stellt dëse Samschden hir nei Saison am ale Schluechthaus zu Hollerech vir, an dat geschitt mat engem grousse Fest.
Exit: eng Expo “aus dem Bauch eraus”
D’Josée Bourg proposéiert Décélératioun an der Kulturmillen
De Pete Doherty beim LuxFilmFest
De Pete Doherty war dëst Joer Member vum Jury vum Luxembourg Film Festival : een ongewéinleche Choix?
Eng hoffnungsvoll Apokalypse: "News from Planet Zombie" vun The Notwist
Fënnef Joer no "Vertigo Days" verëffentlechen The Notwist hiren néngten Album "News from Planet Zombie"
"Film ass politesch"
Interview mat der franséischer Actrice Emmanuelle Béart, déi Jury-Member um leschte Luxfilmfest war.