arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Nepaleesesch Postkaarte vum Guy Helminger - Kathmandu
De Schrëftsteller Guy Helminger war am Nepal ënnerwee, enger jonker, sougenannter Demokratie. Mee et glënnert net alles, vun deem behaapt gëtt, et wier aus Gold.
Nordmazedonesch Postkaarte vum Guy Helminger – Struga.
De Schrëftsteller Guy Helminger ass op de Struga Poetry Evenings, engem berüümte Lyrik-Festival an Nordmazedonien. Do gëtt vu Brécken erof gelies, a Muséeën an an orthodoxe Kierchen.
Shutka
De Schrëftsteller Guy Helminger ass an Nordmazedonien. Am Fong wéinst der Poesie. Mee e Véierel wéi Shutka, déi gréisste Roma-Siidlung an Europa, do kënnt hien net derlaanscht.
Nordmazedonesch Postkaarte vum Guy Helminger – Skopje.
De Schrëftsteller Guy Helminger ass an Nordmazedonien. Am Fong wéinst der Poesie. Mee d’Politik lauert iwwerall.
Tierkesch Postkaarte vum Guy Helminger - Dersim
De Schrëftsteller ass zu Dersim an Ostanatolien. Hei gëtt et e schéinen Nationalpark, mee kee geet do spadséieren.
Tierkesch Postkaarte vum Guy Helminger - Tarlabasi
De Schrëftsteller ass no senger Rees an Anatolien erëm an der tierkescher Haaptstad ukomm.
Tierkesch Postkaarte vum Guy Helminger - Dommheeten an Diyarbakır
De Schrëftsteller Guy Helminger ass an der Tierkei mam Bus ënnerwee. Hien erzielt vun e puer net absichtlechen Aventuren a vun Diyarbakır, enger kurdescher Stad an Ostanatolien.
Tierkesch Postkaarte vum Guy Helminger - 1989 an haut
De Schrëftsteller ass an der Tierkei mam Bus ënnerwee. Hie widderhëlt eng Rees, déi hie schonn 1989 eng Kéier gemaach huet.
Wéi einfach ass et zu Istanbul Fussball kucken ze goen?
Et ass erëm Post vum Guy Helminger ukomm a mir lauschteren, wat hien alles zu Istanbul erlieft.
Tierkesch Postkaarten: Shopping a Militärdiktatur
De Schrëftsteller Guy Helminger ass fir fënnef Méint op Istanbul geplënnert a wullt net nëmmen an de Wueren op de Basaren.
Post aus Brasilien: Méi wéi ee Land
A Brasilien entdeckt de Guy Helminger esou ënnerschiddlech Plazen a Stied, dat hien d'Gefill huet, Brasilie géif aus méi wéi engem Land bestoen.
Brasilianesch Postkaarten - De Schrëftsteller Guy Helminger um Tour
De Guy ass nach ëmmer a Brasilien ënnerwee. Zu São Pedro de Alcântara trëfft hien op Auswanderer, déi hir Wuerzelen am Ländchen an an Däitschland hunn.
Brasilien: Favela Morro São Carlos zu Rio de Janeiro
De Guy Helminger war zu Rio de Janeiro an enger vun Drogebande kontrolléierter Favela, wou e Lëtzebuerger e Foyer fir Kanner organiséiert huet.
Varanasi - Relioun a Geschäft
Zu Varanasi ass de Guy Helminger matten an der helleger Loft vum Hinduismus. Dobäi geet et och ëmmer ëm Suen, well d'Leit iwwerliewe mussen an afallsräich sinn.
Pahar Ganj a Nizamuddin - zwee Quartiere vun Delhi
De Guy Helminger ass zu Delhi, besicht verschidde Véierel, lant an engem Slum a ganz no un der Lued vun engem berühmte Sufi.
Pahar Ganj a Nizamuddin - zwee Quartiere vun Delhi
De Guy Helminger ass zu Delhi, besicht verschidde Véierel, lant an engem Slum a ganz no un der Lued vun engem berühmte Sufi.
Dubai-Kënschtlerkollektiv
De Guy Helminger ass mam Dubai-Kënschtlerkollektiv, deen e bëssche Konscht an de Pavillon fir d'Weltexpo 2020 brénge soll, an den Vereenegten Emiraten.
Dubai-Kënschtlerkollektiv
De Guy Helminger ass mam Dubai-Kënschtlerkollektiv, deen e bëssche Konscht an de Pavillon fir d'Weltexpo 2020 brénge soll, an den Vereenegten Emiraten.