De Marc Clement an den Yves Stephany melle sech live vu Groningen. Den Eurosonic Festival ass de wichtegste Rendez-vous fir de Musekssecteur. E feiert dëst Joer säi 40. Anniversaire - doriwwer geet Rieds mam Programmateur Robert Meijerink.
dasRADIAL an de Josh Island sinn déi zwee Lëtzebuerger, déi dëst Joer zu Groningen optrieden. Si erzielen eis, wat si sech vum Festival erwaarden. An den Giovanni Trono vu Kultur | lx kuckt zeréck op d'Lëtzebuerger Participatioun beim Eurosonic am Laf vun de Joren.