Ënner dem Titel "Storylines" si bis Enn Mee am ëffentlechen Espace zu Klierf eng hallef Dose Fotoexpoen ze gesinn. D'Curatrice Sandra Schwender wollt mat hirem Choix verbildlechen, wéi aktuell Fotoserië vum Liewen, vu Wandel an Emotiounen zielen, datt déi ausgestallte Motiver fir nei Geschichten an eise Käpp suerge kënnen. An der Chrëschtvakanz ware mir mat hir duerch d'Expo gaangen, dee Reportage fannt Dir wéi gewinnt an eiser Mediathéik.
D'Sandra Schwender huet zu Wien studéiert, grad esou wéi de Pasha Rafiy, deem seng Aarbecht si zanterhier suivéiert. Den iranesch-lëtzebuergesche Fotokënschtler, Realisateur an ausgebilte Publizist, presentéiert bei de "Storylines" säi Kapitel "Birdwatcher". D'Kerstin Thalau war dovunner begeeschtert an huet de Pasha Rafiy fir e Gespréich an eis 100,7-Kulturen-Emissioun invitéiert.