"Christmas à la Hollywood". De Chrëschtconcert vun de Solistes Européens, Luxembourg (SEL) de 15. Dezember an der Philharmonie huet geliwwert, wat e versprach huet: en Owend voller festlecher Musek fir a Chrëschtdagsstëmmung ze kommen. De Christoph König, Chefdirigent vun den SEL, ass selwer e grousse Fan vum Kitsch a vu Chrëschtdag, an huet e Programm op d'Bee gestalt, dee klassesch Wierker wéi dem Tschaikowski seng “Nussknacker Suite” mat amerikaneschen Hits vum Leroy Anderson verbënnt. Säi Wierk "The Typewriter" ass weltberüümt a bréngt och bei dësem Concert d'Nolauschterer an d’Nolauschterinnen zum Laachen. E Concert, dee vun Ufank bis Schluss wéi eng richteg Christmas Show ass!
Dir kënnt en nach bis de 14. Januar 2025 an der Mediathéik vum Opus op opus.radio lauschteren, fir a Chrëschtdagsstëmmung ze kommen oder ze bleiwen.