Ee Papp verléisst de Stot, een anere kënnt erëm: am Christian Authier sengem “Comme un père”, ee vun de véier Finaliste vum Prix Interallié, kënnt ee verschollene Papp op eng mysteriéis Manéier zeréck an d’Liewe vu sengem Bouf. Am Anthony Passeron senger Autofiktioun “Jacky”, ee vun de Finaliste vum Prix Femina, erzielt de Schrëftsteller, wéi säi Papp sech lues a lues aus dem eegene Liewen zeréckzitt, bis en op engem Dag komplett verschwënnt.
De Jeff Schinker huet déi zwee Romaner gelies - a verréit eis, ob se ze recommandéiere sinn.