Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn.
No Monophona, Defdump, Inborn, Eternal Tango, Hal Flavin a Metro ass et un der Band Babyoil, fir iwwer hir Bandgeschicht ze schwätzen. Hiren Historique retracéiert de Gittarist Paulo 'Jim' Fernandes, begleet vun der Kënschtlerin a Schwëster vum tragesch verstuerwene Sänger Sébastien Peiffer, der Séverine Peiffer. Am drëtten a leschten Episod geet et dorëms, wou Babyoil no der Plack "Assume Nothing" hätt kënne goen – d Band wollt ënnert engem neien Numm, We Promised You September, nach eemol quasi vu vir ufänken. Ma en tragescht Accident huet de ganze Projet op en Enn bruecht – an den Jim Fernandes och eng Zäit dovun ofgehalen, Musek ze maachen.