Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX.
No Monophona, Defdump, Inborn, Eternal Tango an Hal Flavin ass et un der Band Metro, fir iwwer hir Bandgeschicht ze schwätzen. Hiren Historique retracéiert den Yves Stephany, deen am drëtten Episod iwwert d'Festivallandschaft vun deemools schwätzt - an hannerfreet, wéi vill Sënn déi éiweg Trennung tëschent Profi- an Amateurmuseker zu Lëtzebuerg eigentlech mécht.