De Jhemp Hoscheit ass de Laureat vum Nationale Literaturconcours 2025. Säi Roman „Den Impakt vu Klappentexter“ huet de Jury, dee vum Antoine Pohu presidéiert gouf, am beschten iwwerzeegt, All Joer organiséiert de Kulturministère e Concours, wou Autorinnen an Auteuren hir Texter anonym aschécken. All Joer ass och en anere Literaturgenre um Programm. Dëst Joer war de Roman gefrot. Den zweete Präis geet un d‘Cathy Clement an hire Roman „Neel mat Käpp“, den drëtte Präis un de Guy Helminger a säi Manuskript „Die Elefantenhaut“. De Präis „jeunes auteurs/autrices de 12 à 19 ans“ geet un „Silent Screams“ vun der Maude Blaschette. D‘Valerija Berdi huet mam Laureat vum 1. Präis, dem Jhemp Hoscheit iwwer säi Wierk an iwwer d‘Bedeitung vun esou engem Präis geschwat.
D‘Präisiwwerreechung ass den 2. Dezember am Nationale Literaturarchv, wou dann och déi aner Laureatinnen a Laureaten hir Präisser entgéint huelen.