Dem Zeechner Marc Angel seng BDen a Graphic Novelen zeechne sech duerch eng Rei Konstanten aus, dorënner den Interessi fir d’Geschicht, fir Soen a Legenden, a virun allem fir d’Liewe vun den einfache Leit, déi - vertrueden duerch staark Helden - sporadesch kënnen iwwer sech erauswuessen.
De Marc Angel war dem Michel Delage säin Invité am leschte B-Radio "Staark Vollekshelden".