Den Numm Marie-Anne Lorgé ass an der Lëtzebuerger Kulturzeen e Begrëff. No éischte Präisser am art dramatique zu Bréissel an zu Lëtzebuerg, plus Literatur-a-Geschichtstudien zu Leuven, ass d’Marie-Anne Lorgé feste Bestanddeel vun Theater- a Poesiekreeser ginn. Si ass selwer Bünekënschtlerin an Autorin; haaptberufflech ass si Kulturjournalistin, aktuell erfollegräich mat eegenem Blog. An engem Summer viru gutt 30 Joer ass si, quasi ongeplangt, mat hirer Bréisseler Theatrupp, matzen an der Nuecht, um Theaterfestival zu Avignon gelant. Fir si war dat eng Revelatioun, no der si selwer do Theater gespillt, ma och journalistesch Texter geschriwwen huet. D’Kerstin Thalau ass vun der Marie-Anne Lorgé gewuer ginn, wat zanter hier changéiert huet.
arrow_back_ios
Kultur
Kulturjournalismus aus Telefonskabinnen
Lauschteren
play_arrow
headphones
20 min
mic_none
Presentéiert vum
- Kerstin Thalau
Episoden
EUYO – European Youth Orchestra
EUYO ass d’Ofkierzung fir den European Union Youth Orchestra. Zënter 50 Joer ee vun de renomméiertsten Jugendorchesteren vun der Welt an de Jugendorchester vun der Europäescher Uni
Pop-Rock-Rentrée zu Lëtzebuerg
Fir all déi. déi zu Lëtzebuerg Musek liewen an otmen, huet de Marc Clement e puer Hierscht-Concerts-Rendezvousen, a kommend Releases vu Lëtzebuerger Museker zesummegedroen.
Cornelius - Refractions
De japanesche Museker, Produzent Komponist Keigo Oyamada ass zanter ronn 30 Joer de Cornelius, en elektronesche Museker gepräägt vun der japanescher City Pop Kultur.
Liestipp: Kim Ho-Yeon -Jae-yeons Reise ans Meer
Witzeg, sensibel, melancholesch a beréierend ...
"La dernière des Wilberforce" vun der Julia Kerninon
Eng Buchrezensioun vum Jeff Schinker
Smartglasses
Géint dës nei Tech Gadgete gëtt et elo ëmmer méi Widderstand. D‘Claire Barthelemy bericht vu London.
"Angel Down" vum Daniel Kraus
Eng Buchrezensioun vum Claire Barthelemy
"Transcription" vum Ben Lerner
Eng Buchkritik vum Jeff Schinker
Zum Doud vum Robbie Martzen
De Lëtzebuerger Auteur Robbie Martzen ass gestuerwen. Mir erënneren un hien mat enger Buchrezensioun
Liestipp: Guy Helminger - Gebäude für Breitengrade
Lasst uns das Seegras mähen...
Film vun der Woch: "Hen"
En originellt Flüchtlingsdrama erzielt aus der Perspektiv vun engem Hong.
Den Joshua Idehen, an Neies bei de Congés annulés
Den nigerianesch-stämmege Londoner mam radikal-friddleche Message spillt live zu Bouneweg mat engem Schotz Napoleon Gold virdrun
Liestipp: "Dans la jungle" vun der Adeline Dieudonné
Eng Buchrezensioun vum Jeff Schinker
Filmkritik: "The Last House" (Netflix)
De Michel Delage iwwer dësen amerikaneschen Horror-Survival-Thriller, an deem eng Famill zolitt op d'Prouf gestallt gëtt.
Liestipp: "Famesick" vun der Lena Dunham
Eng Buchrezensioun vum Claire Barthelemy
Liestipp: Birgit Bachmann – "Ein Samstag im August"
"Familie ist eine Flickendecke..."
Eng Woch Stuerm
Een e bessen anert Label-Evenement
Slow Fiction - Dollhouse
Den Debut vun der New Yorker Indie-Band war villverspriechend genuch fir dass de Marc Clement se virstelle wollt.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage