Zanter 18 Joer gi Summer fir Summer an de Rotonden op der Gare d’Congéen annuléiert. Oder besser. Nach bis den 21. August invitéiert d’Ekipp vun de Rotonden op hire Museksfestival Congés annulés, bei deem Concerten, DJ-Sets a verschidden aner Aktivitéite fir kulturell Exploratiounen an Decouvertë bei deene suerge sollen, déi grad net am Ausland ënnerwee sinn. Dozou gehéieren eis Kulturjournalisten, well déi natierlech e Faibel fir Live-Musek hunn.
D’Kerstin Thalau huet zum Beispill d’Anika, Arsenal Mikebe plus Kabeaushé materlieft.