Op sengem Summerconcert 2025 spillt den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg Beethoven, Schnittke a Mozart. Invitéiert gëtt och bei dësem Projet e bekannte Solist. Dës Kéier steet den Orchester mam Felix Klieser op der Bün. Den däitschen Hornist ass nieft sengem musikaleschen Talent och dofir bekannt, datt hien de Cor ganz anescht spillt wéi aner Hornisten. Hie gouf ouni Äerm gebuer an huet dofir geléiert d'Ventiller mam lénkse Fouss ze bedéngen. En aussergewéinleche Solist fir d'Saison 24/25 ofzeschléissen.
De radio an opus 100,7 iwwerdroen dëse Concert live um 20:00.