100komma7.lu / Kultur

/ Pascal vu Wooltz: Noruff

Pascal vu Wooltz: Noruff

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

3 min

Wéi de Museker Pascal vu Wooltz virun zwee Deeg mam Auto déidlech verongléckt ass, war et wéi wann eng Presenz, op déi ee bis dohinner konnt zielen, einfach ewechgeholl gi wier.

Séier huet d’Nouvelle den Tour gemaach, Kolleegen hunn dee Frënd vermësst, deen hinnen déi éischt Gittar geléint hat, anerer hate seng häerzzerräissend Versioun vun “Time of Your Life” am Ouer.

Esou munch een huet sech drun erënnert, wéi e vum Pascal Alff, wéi hie mam biergerlechen Numm geheescht huet, mat deem oder dësem a Kontakt bruecht gi war, a wéi hien ëmmer hëllefsbereet war an oppen. Mënschen zesummenzebréngen, besonnesch ronderëm d’Musek, där hie säin eegene Stempel opgesat huet.

Mat senger Band Weakonstruction oder Solo, mat der akustescher Gittar an e bësse Schellem, huet hien zu Lëtzebuerg d’Geschicht vun der Punkmusek mat- a weider geschriwwen a war als Member vum Organisatiounskommittee vum Festival Kein Bock auf Nazis zu Kusel. Och politesch aktiv, esou laang et mat Musek ze dinn hat. Méi Punk wéi mir alleguer, sote seng Frënn, an ee friddlechen nach dobäi. Dat huet hien 2023 dozou beweegt, sech bei de Lénke fir d’Parlamentswalen opzesetzen.

No 20 Joer Musekmaachen an nëmmen 42 Joer op der Äerd, bleift säin Esprit héichzehalen a sech drun ze gewinnen, säi Gesiicht leider net méi op Concerten ze gesinn. D’Musek awer huet eng Manéier, een onstierflech ze maachen.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Kee Kabes: "La nature" de Néckel Scholtus | © Kerstin Thalau

Kee Kabes: "La nature" de Néckel Scholtus

An hirem Fotoarchiv huet d'Néckel Scholtus de Sujet vum Inconscient entdeckt.
headphones

9 min

play_arrow
Srdjana Jovanovic - Überall ohne Ort | © Epubli

Srdjana Jovanovic - Überall ohne Ort

E Listipp fir de Summer
headphones

7 min

play_arrow
"Eng wonnerschéi Wäertschätzung" | © Andrej Grilc

"Eng wonnerschéi Wäertschätzung"

Den Dirigent Pit Brosius iwwer d'Annonce, datt hien de Prix Arts et Lettres 2026 iwwerreecht kritt.
headphones

3 min

play_arrow

"Monsieur Steichen" nieft "La nature d'Edward Steichen" zu Arles

D'Lisa Oppenheim huet dem Edward Steichen seng verworfen Iddien opgegraff.
headphones

6 min

play_arrow

Déi kinneklech Schwane-Parad

Eng Traditioun aus dem 12. Joerhonnert: Dat Ganzt nennt sech Swan Upping a vermëscht Folklor, Ëmweltschutz an d‘Wuelbefanne vun den Déieren.
headphones

7 min

play_arrow
Festival d'Avignon: Am Häerz vun der Däischtert | © Jeff Schinker

Festival d'Avignon: Am Häerz vun der Däischtert

Um Enn vum Jeff Schinker sengem Theater-Marathon, deen deels bis spéit an d’Nuecht gaangen ass, schalte mir live op Avignon fir ee Bilan aus dem In an dem Off.
headphones

11 min

play_arrow
En neie Bléck op dem Edward Steichen säin Oeuvre op de Rencontres d’Arles | © Armand Quetsch

En neie Bléck op dem Edward Steichen säin Oeuvre op de Rencontres d’Arles

Nieft der Fotografie war d’Botanik dem Edward Steichen seng grouss Passioun.
headphones

14 min

play_arrow
Off Campus | © Amazon Prime

Off Campus

Eng weider Äishockey-Romanz gëtt zum weltwäite Serien-Hit.
headphones

6 min

play_arrow
Figure vun der Monstruositéit 2/2

Figure vun der Monstruositéit 2/2

Am Gespréich mat der Lëtzebuerger Schauspillerin Clara Hertz an der Metteuse en scène Laëtitia Leroy iwwer d'Produktioun "Monstre-moi" an den Iwwerliewenskampf am Off zu Avignon
headphones

11 min

play_arrow
Figure vun der Monstruositéit 1/2

Figure vun der Monstruositéit 1/2

Am Gespréich mat der Lëtzebuerger Schauspillerin Clara Hertz an der Metteuse en scène Laëtitia Leroy iwwer d'Produktioun "Monstre-moi" an den Iwwerliewenskampf am Off zu Avignon
headphones

9 min

play_arrow
E Musée, wou d'Kanner d'Soen hunn 2/2

E Musée, wou d'Kanner d'Soen hunn 2/2

De Kannermusée Plomm stellt sech a säi Summerprogramm vir.
headphones

8 min

play_arrow
E Musée, wou d'Kanner d'Soen hunn 1/2

E Musée, wou d'Kanner d'Soen hunn 1/2

De Kannermusée Plomm stellt sech a säi Summerprogramm vir.
headphones

13 min

play_arrow
All is Whole | ©  Sara Bande Foundation / Instagram

All is Whole

Eng Performance vun der Kënschlerin Françoise Odill
headphones

6 min

play_arrow
Eng Moundwanderung mat Astronauten, déi danzen | © EPA/JOSE SENA GOULAO

Eng Moundwanderung mat Astronauten, déi danzen

De 14. Juli war d'Katy Perry um Open Air bei der Luxexpo. Hei huet si gewisen, datt si nach ëmmer eng aussergewéinlech Live-Performerin ass.
headphones

5 min

play_arrow
E besonnesche Cadeau fir zeng Joer Lët’z Arles | © Foto Fotothéik VDL_Jessica Theis

E besonnesche Cadeau fir zeng Joer Lët’z Arles

Dem Edward Steichen seng Natur op de Rencontres d’Arles an am Märeler Parc
headphones

21 min

play_arrow
Metallica | © EPA/ANDREAS BECKER

Metallica

Eng Concertskritik
headphones

6 min

play_arrow
En Äddi an en Ausbléck | © 100,7

En Äddi an en Ausbléck

Bei der Saisonspresentatioun gouf och dem aktuellen Direkter Claude Mangen Äddi gesot. E Gespréich mat him a senge Successeuren iwwer dat wat war, an dat wat kënnt.
headphones

14 min

play_arrow
Nei am Kino

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
headphones

6 min

play_arrow
Film vun der Woch: "La Chaleur"

Film vun der Woch: "La Chaleur"

Mat sengem summerlech-lethargesche Thriller zeechent de Stéphane Demoustier e Portrait vun der Jugend vun haut.
headphones

11 min

play_arrow
D'Tapisserie vu Bayeux op der Rees ... | © La Fabrique de patrimoines en Normandie / Antoine Cazin

D'Tapisserie vu Bayeux op der Rees ...

... a gëtt am British Museum zu London ausgestallt.
headphones

10 min

play_arrow