Uechter d’Welt huet dës Plack zanter 70 Joer Kultstatus: rieds geet vum kanadesche Pianist Glenn Gould sengem Enregistrement vum Johann Sebastian Bach senge “Goldberg-Variatiounen” am Joer 1955. Dem Glenn Gould seng Plack huet sech an deene 70 Joer zu deem wuel bedeitendste klasseschen Enregistrement vun allen Zäit entwéckelt an de Pianist Glenn Gould gouf domat quasi deen éischte Pop-Star op enger klassescher Concertsbün. Beim Glenn Gould kann een ouni Zweiwel den Term vum Ausnamekënschtler benotzen, hien huet d’Musek vum Bach wéi keen anere gespillt, krut an der Interpretatioun vun anere Komponisten awer net d’Unanimitéit. De Glenn Gould hat en aussergewéinlecht Talent, nieft dem absolutte Gehéier hat hien och eng enorm musikalesch Memoire, wann hien eng Suite vun Noute just eemol héieren huet, da konnt hie se ëmmer nees um Piano reproduzéieren. De Glen Gould, deen 1932 gebuer gouf, ass awer schonn 1982 am Alter vun nëmme 50 Joer gestuerwen, mee duerch säin Enregistrement vun de “Goldberg-Variatiounen” gouf hien onstierflech.
arrow_back_ios
Kultur
De Glenn Gould a seng legendär Goldberg-Variatiounen
Lauschteren
play_arrow
headphones
8 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus
Episoden
Dräi Hobbydetektiven op der Sich no engem Mäerder
Dräi Noperen, eng gemeinsam Passioun fir True Crime an eng ganz Rëtsch Morden: D'Comedy-Mystery-Serie Only Murders in the Building geet am Dezember an hir sechst Staffel.
"Nous aussi" vun der Anne Godard
Eng Buchbespriechung vum Jeff Schinker, an där ënnert anerem erkläert gëtt, wisou der Anne Godard hire Roman eigentlech an der leschter Auswiel vum Prix Goncourt hätt misse landen
Lëtzebuerger Buchpräis 2026
Wéi eng Lëtzebuerger Publikatiounen kommen op d'Shortlëscht?
Lëtzebuerger Buchpräis 2026
Wéi eng Lëtzebuerger Publikatiounen kommen op d'Shortlëscht?
Filmkritik "Moulin"
Den ungaresche Cineast László Nemes zeechent déi lescht Wochen a Méint vum franséische Resistenzler Jean Moulin no.
Wat et fir e Stierflechen heescht, ze liewen
E Gespréich mat der Isabelle Huppert iwwer hir Roll als Vampirin an der extravaganter Horror-Farce "Die Blutgräfin".
Nea Lone - Mayday
Mir schwätze mat der Musikerin Nadja Prange iwwert hir lescht Single “Mayday”, a kréien ee Scoop op... en Album am neie Joer.
"Constellations" aus dem Point Nemo Verlag
Wou d'Literatur der Bildender Konscht an Architektur begéint.
ESAL2026 fir d’Alexandra Uppman an d’Nazanin Hafez
Mat engem Award Kënschtler:innen Zäit a Plaz schenken
"Sterne glänzend im angebissenen Apfel"
Korrespondenz tëschent dem Peter Handke an dem Manfred Osten.
D’Vuë vu 45 Kënschtler:innen zum Theema “Ruin” an der Escher Konschthal
D’Dekonstruktioun als méiglechen Neiufank
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Sophie Calle - Onfaerdeg ...
Wat geschitt mat de Projeten, déi eng Kënschtlerin ufänkt an net fäerdeg mécht? Dat weist Sophie Calle an enger grousser Ausstellung an England.
Juli Zeh – Pony Show
E Verlag, eng Editrice, e verschwonnene Mataarbechter an e Mordverdacht...
Tierkesch Postkaarte vum Guy Helminger – Istanbul. Fräiheet (1)
De Schrëftsteller Guy Helminger ass fir dräi Méint op Istanbul geplënnert, wou hien Interviewe mëscht, fir aus dëse Stëmmen e Buch iwwer d’Stad um Bosporus entstoen ze loossen.
Ukranian Lessons
Wat geschitt mat der Konscht, wann de Krich ausbrécht? Schaffe Kënschtler a Kënschtlerinnen weider, an ënnert wéi engen Ëmstänn?
Filmkriticken: "Coward" + "Karma"
Eng Männerléift op der Fronte vum Éischte Weltkrich an eng Mamm, déi sech an hir Kanner virun enger Sekt wëll retten.
De Prix Marcel Duchamp 2026 fir Brognon-Rollin vu Lëtzebuerg
Zäitskulpture mam Titel “5 376 années, 1 892 mois, 1 110 jours, 1 201 heures”
South Park
Déi legendär Serie geet elo schonn an déi 29. Staffel.