100komma7.lu / Kultur

/ Screaming Fields: Mäna, Yona a Blue-Ish

Screaming Fields: Mäna, Yona a Blue-Ish

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

13 min

Yona a Mäna heeschen déi zwee lescht Participante vum Screaming Fields Festival, déi mir Iech dës Woch virstellen. De Festival-slash-Concours ass muer, Samschdeg, 5.7. an der Rockhal vu 6 Auer un. A fir d’Entdecke vu jonke Lëtzebuerger Talenter nëmmen net ze verpassen, huet de Marc Clement mat hinnen iwwer hir Musek an d’Participatioun um Festival geschwat. Ëmmerhi gëtt et ee Karriärs-Accompagnement vum Rocklab ze gewannen – an d’Geleeënheet, op der grousser Rockhalbün opzetrieden, wat fir déi meescht ee “First” ass. Als éischt huet de Marc mam Mäna geschwat, an um Enn déi viregt Gewënnerin Blue-Ish no hirer Erfarung mam Coaching gefrot.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Déi kinneklech Schwane-Parad

Eng Traditioun aus dem 12. Joerhonnert: Dat Ganzt nennt sech Swan Upping a vermëscht Folklor, Ëmweltschutz an d‘Wuelbefanne vun den Déieren.
headphones

7 min

play_arrow
Festival d'Avignon: Am Häerz vun der Däischtert | © Jeff Schinker

Festival d'Avignon: Am Häerz vun der Däischtert

Um Enn vum Jeff Schinker sengem Theater-Marathon, deen deels bis spéit an d’Nuecht gaangen ass, schalte mir live op Avignon fir ee Bilan aus dem In an dem Off.
headphones

11 min

play_arrow
En neie Bléck op dem Edward Steichen säin Oeuvre op de Rencontres d’Arles | © Armand Quetsch

En neie Bléck op dem Edward Steichen säin Oeuvre op de Rencontres d’Arles

Nieft der Fotografie war d’Botanik dem Edward Steichen seng grouss Passioun.
headphones

14 min

play_arrow
Off Campus | © Amazon Prime

Off Campus

Eng weider Äishockey-Romanz gëtt zum weltwäite Serien-Hit.
headphones

6 min

play_arrow
Figure vun der Monstruositéit 2/2

Figure vun der Monstruositéit 2/2

Am Gespréich mat der Lëtzebuerger Schauspillerin Clara Hertz an der Metteuse en scène Laëtitia Leroy iwwer d'Produktioun "Monstre-moi" an den Iwwerliewenskampf am Off zu Avignon
headphones

11 min

play_arrow
Figure vun der Monstruositéit 1/2

Figure vun der Monstruositéit 1/2

Am Gespréich mat der Lëtzebuerger Schauspillerin Clara Hertz an der Metteuse en scène Laëtitia Leroy iwwer d'Produktioun "Monstre-moi" an den Iwwerliewenskampf am Off zu Avignon
headphones

9 min

play_arrow
E Musée, wou d'Kanner d'Soen hunn 2/2

E Musée, wou d'Kanner d'Soen hunn 2/2

De Kannermusée Plomm stellt sech a säi Summerprogramm vir.
headphones

8 min

play_arrow
E Musée, wou d'Kanner d'Soen hunn 1/2

E Musée, wou d'Kanner d'Soen hunn 1/2

De Kannermusée Plomm stellt sech a säi Summerprogramm vir.
headphones

13 min

play_arrow
All is Whole | ©  Sara Bande Foundation / Instagram

All is Whole

Eng Performance vun der Kënschlerin Françoise Odill
headphones

6 min

play_arrow
Eng Moundwanderung mat Astronauten, déi danzen | © EPA/JOSE SENA GOULAO

Eng Moundwanderung mat Astronauten, déi danzen

De 14. Juli war d'Katy Perry um Open Air bei der Luxexpo. Hei huet si gewisen, datt si nach ëmmer eng aussergewéinlech Live-Performerin ass.
headphones

5 min

play_arrow
E besonnesche Cadeau fir zeng Joer Lët’z Arles | © Foto Fotothéik VDL_Jessica Theis

E besonnesche Cadeau fir zeng Joer Lët’z Arles

Dem Edward Steichen seng Natur op de Rencontres d’Arles an am Märeler Parc
headphones

21 min

play_arrow
Metallica | © EPA/ANDREAS BECKER

Metallica

Eng Concertskritik
headphones

6 min

play_arrow
En Äddi an en Ausbléck | © 100,7

En Äddi an en Ausbléck

Bei der Saisonspresentatioun gouf och dem aktuellen Direkter Claude Mangen Äddi gesot. E Gespréich mat him a senge Successeuren iwwer dat wat war, an dat wat kënnt.
headphones

14 min

play_arrow
Nei am Kino

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
headphones

6 min

play_arrow
Film vun der Woch: "La Chaleur"

Film vun der Woch: "La Chaleur"

Mat sengem summerlech-lethargesche Thriller zeechent de Stéphane Demoustier e Portrait vun der Jugend vun haut.
headphones

11 min

play_arrow
D'Tapisserie vu Bayeux op der Rees ... | © La Fabrique de patrimoines en Normandie / Antoine Cazin

D'Tapisserie vu Bayeux op der Rees ...

... a gëtt am British Museum zu London ausgestallt.
headphones

10 min

play_arrow
Anna Valentiny, Edith Burggraff - De klenge Kannibal

Anna Valentiny, Edith Burggraff - De klenge Kannibal

E Kannerbuch - och fir déi Grouss
headphones

5 min

play_arrow
Beautiful Decay 2026

Beautiful Decay 2026

Eng Ruin an en Trupp Museknerds, dat ergëtt dach normalerweis eppes Guddes. De Beautiful Decay investéiert vun haut erëm d’Käercher Schlass mat Musek, Freed a Yoga.
headphones

8 min

play_arrow
Seven Methods of Killing Kylie Jenner | © Théâtre du centaure

Seven Methods of Killing Kylie Jenner

Am Theaterstéck huet d'Marie-Christiane Nishimwe d’Roll vum politesche Kierper vun der Schwaarzer Fra thematiséiert.
headphones

6 min

play_arrow

Widow's Bay

Schonn eng Kéier Vakanz op enger verfluchter Insel gemaach?
headphones

6 min

play_arrow