Deen éischte Lëtzebuerger Concerto fir Euphonium gouf vum Marco Pütz geschriwwen, an dat duerch eng Commande vun der Philharmonie. No der Pandemie a mëttlerweil och no der éischter Opnam vum Wierk, bréngt de Philippe Schwartz, fir deen de Concerto geschriwwe gouf, zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker déi éischt Live-Performance vun "Euphonia's Voice" op d'Bün. De Pascal Schumacher spillt d'Première vun engem amerikanesche Vibrafonsconcerto, dee vum New Yorker Museker Judd Greenstein komponéiert gouf. No deenen zwou Uropféierunge ronnen d'Lëtzebuerger Philharmoniker zesumme mam Pianist Inon Barnatan a mam Dirigent Teddy Abrams den Owend mam Leonard Bernstein senger zweeter Sinfonie of.
De Christophe Mirkes verréit schonn éischt Detailer iwwer déi zwee nei Wierker, déi uropgeféiert ginn.