Viru genee 20 Joer waren d’Pueri Cantores fir d’éischte Kéier op Tournée a Japan an elo geet et nach eemol dohin. Um Programm sti véier Statiounen: Hiroshima fir den 80. Gedenkdag un d’Atomkatastroph, Osaka an de Lëtzebuerger Pavillon vun der Weltausstellung, an da geet et nach op Kyoto an Tokio. An der Haaptstad sange si souguer fënnef Concerten op engem eenzegen Dag. D’Jonge vum Lëtzebuerger Bouwechouer aus dem Stater Conservatoire wäerten deelweis an Hotellen an deelweis bei Gaaschtfamille bleiwen, sou datt et eng richteg Entdeckungsrees fir déi tëschent 6 an 22 Joer al Jonge gëtt. Ee vun den Highlighte vun der Tournée ass, datt si ganz dacks de Bullet Train Shinkansen huelen. Dee fiert am 6-Minutten-Takt vun Hiroshima op Tokio, an do si schonn zwee Waggone fir si reservéiert. Op hire Concerte sange si net nëmmen traditionell Lëtzebuerger Lidder wéi d’Fräschelidd oder “Wéi meng Mamm nach huet gesponnen”, mee een Drëttel vum Programm ass op Japanesch. Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit den Dirigent Pit Nimax ënner anerem, wéi d’Jongen déi japanesch Lidder geléiert hunn.
arrow_back_ios
Kultur
Ee Lëtzebuerger Bouwechouer op Japan Tournée
Lauschteren
play_arrow
Pueri Cantores (Foto: Pit Nimax)
headphones
14 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden
"In the Hand of Dante" vum Julian Schnabel
Eng Filmrezensioun vum Emma Hizette a Jeff Schinker
Am Mudam gëtt eng Woch laang 20. Gebuertsdag gefeiert
Fräien Entrée plus spezielle Gebuertsdagsprogramm am Pei-Musée
"Quand le corps s'arrête je m'arrête d'écrire"
Mat sengem Textband "Lu Yu ne répond jamais" (Ed. Tinbad) rechtfertegt de Lambert Schlechter säi Joerzéngte laangt Wierk.
The Act
Eng Serie iwwer Kannermësshandlung
Wisou et absurd ass, eis Sexualitéit ze labelen: "Cock" vum Mike Bartlett
D’Emma Hizettte an de Jeff Schinker beschwätzen der Anne Simon hir Inzenéierung vum Mike Bartlett sengem Erfollegsstéck "Cock"
The Offspring start Concertsserie op der Luxexpo
Gëschter um Donneschdeg huet den Atelier seng Summerserie vu Concerten um Parking vun der Luxexpo mat dem Gig vun The Offspring gestart.
De Prix de la photographie zu Klierf ënnersträicht d’Relevanz vum Medium
Aktuell fotografesch Positiounen aus der Groussregioun am Klierfer Brahaus
Den 1. September mécht de Verlag Op der Lay seng Dieren zou
Eenzelfall oder déif strukturell Problemer am Lëtzebuerger Verlagswiesen?
De Screaming Fields 2026 - jonkt Geméis an der Rockhal
De Screaming Fields ass de Rockhal hiren Nowuessconcours, bei deem all Joer e Grappvoll jonk Museksprojeten e Schubs de Bierg erop kréien.
"Yesteryear": Vun der Tradwife-Fantasie an d'Realitéit vun 1855
Eng Buchrezensioun vum Emma Hizette
Den 1. September mécht de Verlag Op der Lay seng Dieren zou
Eenzelfall oder déif strukturell Problemer am Lëtzebuerger Verlagswiesen?
Mam Vëlo bis op Teheran
Op dës Aventure huet sech d'Isabel Del Real agelooss.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Film vun der Woch: "Jim Queen"
E verréckte, radikale Film géint Homophobie, dee batter néideg ass an Zäite vu politescher Radikaliséierung.
"Famesick" vun der Lena Dunham
Eng Buchrezensioun vum Claire Barthelemy
Song(e)s d'une nuit d'été
De Marc Clement an de Jeff Schinker iwwer d'EP-Release vun ENGLBRT am Gudde Wëllen
Ee Floumaart vun der Filmkultur
De Marc Trappendreher mat engem zweete Bäitrag iwwert den Cinema Ritrovato Festival zu Bologna.
La Concierge als Kuratorenteam fir di sechst Triennale Jeune Création
An de Rotonde gi jonk Kënschtler dëse Summer op d’Sich nom Common Ground