"Voyage à travers les siècles, les trésors des trios avec piano" ass ee Concert den 2. Abrëll 2025 am Ettelbrécker CAPE. Musikalesch geet et hei an d'Zäit tëschent Barock an dem 20. Joerhonnert. Vun Haydn a Mendelssohn, iwwer Schostakowitsch a Piazzolla. An alles vun Enseignanten aus dem Conservatoire gespillt.
D'Schüler:inne sollen duerch esou Concerten dann och d'Méiglechkeet kréien hir Proffen op der Bün ze erliewen an esou déi Stécker an engem professionelle Kader ze héieren, déi si selwer vläicht grad och üben.
Mee gëtt dës Méiglechkeet vun deene Jonke vill genotzt a firwat stinn dëst Joer grad d'Tasten am Vierdergrond?