Et ass just en Ufank vun enger 6-deeleger Serie. D'Protagonistin an der éischter Oper ass d'Amelia Earhart. Als Fra huet si vill Rekorder opgestallt. Ënner anerem ass si als éischt Pilotin eleng iwwer den Atlantik geflunn.
D'Lëtzebuerger Komponistin Albena Petrovic huet dës Liewensgeschicht an engem Monodrama verschafft, eng Kammeroper mat nëmmen enger Sängerin. Mat dobäi ass de Lëtzebuerger Ensembel United instruments of Lucilin. D'Opféierung ass den 8. Mäerz 2025 um 18:00 am Kapuzinertheater an der Stad.
D'Albena Petrovic schreift awer net nëmmen Operen. Si ass grad erëm vun New York, wou e Concerto vun hir an der Carnegie Hall opgeféiert gouf ...