Zanter gutt 15 Joer belount de Pictet Group reegelméisseg ee besonnesche Foto-Projet mam Prix Pictet, an deemno mat 100’000 Schwäizer Frangen. De Präis ass un e Sujet am Beräich vun der nohalteger Entwécklung gekoppelt, déi Kéier ass e mat “Human” iwwerschriwwen. 300 international Foto-Spezialist:innen haten Aarbechte vun enger Hellewull Fotograf:inne proposéiert, e Jury huet néng Finalisten nominéiert, deenen hier Fotoen, no London, San Diego, Shanghai a München, bis dëse Sonnden inclus am Stater Cercle Cité ze gesi sinn. Déi indesch Laureatin vum aktuelle Prix Pictet, d’Gauri Gill, déi sech mat der ländlecher Populatioun an der indescher Peripherie beschäftegt, konnt leider net op Lëtzebuerg kommen, dofir war awer zum Beispill de Pol Michał Łuczak am Cercle Cité, an d’Kerstin Thalau hat d’Geleeënheet, him e puer Froen ze stellen.
arrow_back_ios
Kultur
De Michał Łuczak mat "Extraction" beim Prix Pictet
headphones
10 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- mc-kt_62
Episoden
E ganz familiäre Concert
Kammermuseksconcert an der Philharmonie mat fënnef Museker, déi sech all ganz gutt kennen, deels zanter méi wéi 20 Joer.
Los Bitchos um Out of The Crowd Festival
4 Fraen aus verschiddenen Ecker vun der Welt, déi sech zu London zesummefonnt hu fir ganz eklekteschen a psychedelesche Rock ze maachen.
Waffle Killers: Punk mat Live-Energie um Out of the Crowd
Um Out of the Crowd Festival beglécken och ëmmer eng Koppel local Bands d’Bün vun der Kulturfabrik. Dëst Joer sinn dat déi jonk Punk-Band Waffle Killers, an d’Hardcore Band.
“Ech sinn der Unbekannte Bekannte”
Den Anselme Pau huet een neien Album mat Filmmusek erausbruecht: "Hidden Scores"
Black Mirror
Mëttlerweil ass déi siwent Staffel vun der Serie op Netflix ze gesinn.

Cinder Well: Folkmusek aus Kalifornien
Déi amerikanesch Singer-Songwriterin Amelia Baker am Interview

Esch am Saxo-Sound
Den éischte Saxofonsfestival zu Lëtzebuerg - wéi ass et gelaf?

"Toronto" vun der Elisabeth Benoit
Ee Roman iwwer de Fall Johnny-Depp-Amber-Heard

"Prima Facie" am Théâtre du Centaure
Am Gespréich mat der Metteuse en scène Marja-Leena Junker an der Schauspillerin Céline Camara

"D'Chance säin eegent Land ze representéieren"
De Bouwechouer vum Stater Conservatoire ass aktuell op Concertstournée a Japan - wéi et leeft, verroden zwee vun de Jongen an den Dirigent Pit Nimax.

D'Coup de coeure vun der Militärmusek
Enn Mäerz hu sech d'Lëtzebuerger Militärmusek, hiren Dirigent a Lieutenant Col. Jean-Claude Braun an een externt Team getraff, fir en neien Album opzehuelen.

LiteraTour
D'Fest vum Buch an der Gemeng Beetebuerg fänkt Ouschterméindeg un.

Guy Rewenig - Goss
De Roman, dee bei Guy Binsfeld publizéiert gouf, ass fir de Servais-Präis 2025 nominéiert.

Interview mam Wang Bing
E Gespréich mam chineeseschen Dokumentarist Wang Bing iwwer seng Youth-Trilogie

Net nëmme Bayreuth an New York, och Lëtzebuerg ass an hirem Agenda
Zwou Premièrë fir d'Edith Haller: éischten Optrëtt mat engem Jugendorchester an éischte Concert zu Lëtzebuerg

Festival du Livre zu Paräis
De Weekend war zu Paräis de Festival du Livre, déi gréisste Bicherfoire am Hexagon. Eise Paräisser Korrespondent Max Tholl war de Samschdeg um Festival ënnerwee an ass hei och engem Lëtzebuerger Literat begéint.

Um Radar: ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a faasst zesummen, wat dës Woch kulturell lass ass am Ländchen.
