“Witness” vum Kënschtler Milo Hatfield gëtt aktuell am Cube an der Buvette vun de Rotonden ausgestallt. Duerch d’Glas vum Cube gesäit een eng Dauf. Eng Ketten ass hir ëm d’Strass gewéckelt. Mat quasi-zentrifugal Motorskraaft gëtt d’Dauf duerch de Raum gejummt a bedreckst wäiss Mauere riets a lénks mat Blutt. Am Public soll doduerch souwuel Degoût wéi Baarmhäerzegkeet ausgeléist ginn. “Witness” vum Milo Hatfield an “Uncycle” vun der Zohra Mrad sinn nach bis dëse Weekend mat abegraff an de Rotondes ze gesinn. Den Nicolas Calmes huet d’Wierk ge-witnessed a sech mam Milo Hatfield doriwwer ënnerhalen.
arrow_back_ios
Kultur
"Witness" an der Lobby vun de Rotonden
headphones
10 min
Lauschteren
play_arrow

Witness (Foto: Nicolas Calmes)
mic_none
Presentéiert vum
- Nicolas Calmes
Episoden
E ganz familiäre Concert
Kammermuseksconcert an der Philharmonie mat fënnef Museker, déi sech all ganz gutt kennen, deels zanter méi wéi 20 Joer.
Los Bitchos um Out of The Crowd Festival
4 Fraen aus verschiddenen Ecker vun der Welt, déi sech zu London zesummefonnt hu fir ganz eklekteschen a psychedelesche Rock ze maachen.
Waffle Killers: Punk mat Live-Energie um Out of the Crowd
Um Out of the Crowd Festival beglécken och ëmmer eng Koppel local Bands d’Bün vun der Kulturfabrik. Dëst Joer sinn dat déi jonk Punk-Band Waffle Killers, an d’Hardcore Band.
“Ech sinn der Unbekannte Bekannte”
Den Anselme Pau huet een neien Album mat Filmmusek erausbruecht: "Hidden Scores"
Black Mirror
Mëttlerweil ass déi siwent Staffel vun der Serie op Netflix ze gesinn.

Cinder Well: Folkmusek aus Kalifornien
Déi amerikanesch Singer-Songwriterin Amelia Baker am Interview

Esch am Saxo-Sound
Den éischte Saxofonsfestival zu Lëtzebuerg - wéi ass et gelaf?

"Toronto" vun der Elisabeth Benoit
Ee Roman iwwer de Fall Johnny-Depp-Amber-Heard

"Prima Facie" am Théâtre du Centaure
Am Gespréich mat der Metteuse en scène Marja-Leena Junker an der Schauspillerin Céline Camara

"D'Chance säin eegent Land ze representéieren"
De Bouwechouer vum Stater Conservatoire ass aktuell op Concertstournée a Japan - wéi et leeft, verroden zwee vun de Jongen an den Dirigent Pit Nimax.

D'Coup de coeure vun der Militärmusek
Enn Mäerz hu sech d'Lëtzebuerger Militärmusek, hiren Dirigent a Lieutenant Col. Jean-Claude Braun an een externt Team getraff, fir en neien Album opzehuelen.

LiteraTour
D'Fest vum Buch an der Gemeng Beetebuerg fänkt Ouschterméindeg un.

Guy Rewenig - Goss
De Roman, dee bei Guy Binsfeld publizéiert gouf, ass fir de Servais-Präis 2025 nominéiert.

Interview mam Wang Bing
E Gespréich mam chineeseschen Dokumentarist Wang Bing iwwer seng Youth-Trilogie

Net nëmme Bayreuth an New York, och Lëtzebuerg ass an hirem Agenda
Zwou Premièrë fir d'Edith Haller: éischten Optrëtt mat engem Jugendorchester an éischte Concert zu Lëtzebuerg

Festival du Livre zu Paräis
De Weekend war zu Paräis de Festival du Livre, déi gréisste Bicherfoire am Hexagon. Eise Paräisser Korrespondent Max Tholl war de Samschdeg um Festival ënnerwee an ass hei och engem Lëtzebuerger Literat begéint.

Um Radar: ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a faasst zesummen, wat dës Woch kulturell lass ass am Ländchen.
