Kultur
Margret Steckel - Doswidanja, Genosse
9 min
D’Margret Stéckel erzielt d’Geschicht vum Lukas Braak, dee Schëffskapitän an der DDR war a wéinst Westkontakter säi Beruff huet missen opginn. Hien a seng Fra verléieren hir Aarbecht. Well si vun eppes liewe mussen, fänkt hien u bei der LPG, der Landwirtschaftlichen Produktionsgenossenschaft ze schaffen.
De Lukas war ëmmer en treie Sozialist, huet iergendwéi un d’DDR an un de Sozialismus gegleeft. Seng Mamm hat d’Famill verlooss, wéi hien nach ganz kleng war a war an Amerika ausgewandert. Wéi de Lucas schonn als Kapitän geschafft huet, hat si op emol Loscht hire Fils erëmzegesinn, an dat war dann dee Westkontakt, deen de Lukas zum Fale bruecht huet.
De Lukas fillt sech ongerecht behandelt a just éier d’Mauer fält, schreift hien dem Erich Honecker e Bréif, andeem hien deem proposéiert mat him ze schwätzen.
D’Margret Steckel hëlt eis mat an d’Kandheet vum Lukas, säin Erwuesseginn, Kenneléiere vu senger Fra, alles ass u sech eng Skizz, mee mat esou enger Intensitéit, typesch Margret Steckel, si seet an engem Saz esou vill, wou anerer eng ganz Säit brauchen ... D’Valerija Berdi an de Michel Delage am Gespréich iwwer d’Wierk, dat bei Capybarabooks erauskoum.
Presentéiert vum
- Valerija Berdi
Episoden
“E Krees, dee sech schléisst”
No iwwer 30 Joer Karriär spillt de Jean-Paul Hansen elo säi leschten Enseignantsconcert am Escher Conservatoire.

“The Things We Carry”: eng Interpretatioun vun der Julie Wagener
Gestaltung vun enger Gesellschaft - fréier an haut

“Superhero Pose” virun all Concert
Déi jonk brittesch Trompettistin Matilda Lloyd mécht aktuell eng Europa-Tournée a spillt de 4. Februar 2025 an der Philharmonie.

Eng Tragedie an der Tragedie
E Gespréich mam David Oelfhoffen, Realisateur vun der Lëtzebuerger Co-Produktioun "Le Quatrième mur"

E Melting Pot Album
De belsch-amerikaneschen Cellist Pierre Fontenelle war scho fir e puer Concerten zu Lëtzebuerg, dorënner och mat der Militärmusek.Elo huet de jonke Museker säin éischte Solo-Album erausbruecht.

Antoine Goetschel - En Affekot fir Déieren
Wéi gesäit d'Zukunft vum Déiereschutzrecht aus?

De Radar - ënner der Woch
D'Museks- a Kulturevenementer ënner der Woch

Froen als Guide fir den eegene Wee
Beim drëtten Episod vum Podcast Hanner den Téin steet de Komponist an Enseignant Marcel Reuter am Mëttelpunkt.
American Primeval
Eng Serie, déi eis mat an d'Joer 1857 hëlt. Et geet ëm eng manner bekannte Period vun den USA, ëm de sougenannten Utah-Krich.

Fauré op CD
Den Alessandro Urbano bréngt zesumme mat der Uergel an dem Kammerchouer vun Namur dem Gabriel Fauré säi Requiem als Release eraus. Dat Ganzt a Form vun engem Live-Concert, deen opgeholl gouf.

Buchkritik: "Coeur" vum Thibault de Montaigu et "Un homme seul" vum Frédéric Beigbeder
Wat passéiert, wann zwee narzistesch Hedonisten eng Hagiographie iwwer de verstuerwene Papp schreiwen?

Dokumentarfotoen als Bréck zu Albdram änleche Bestiairen
Fotokënschtler curatéiert Peinturen-Expo vu sengem Neveu.

No Metal In this Battle, Tvesla an Odds Ratio
Dës dräi Bands spillende Samschden zesummen an der Schungfabrik
Ravel + am CAPE
De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert.

„Verboten, beschlagnahmt, geraubt“
Claude Conter a Jean-Marie Reding vun der BnL am Gespréich.

Arthur Stockel a säin éischten Album
Den 28 Joer jonke Soloklarinettist vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, den Arthur Stockel bréngt mat "Weber-Clarinet Concertos & Quintet" säin éischten eegenen Album eraus.

Albumrezensioun: Mogwai - The Bad Fire
Den eeleften Album vun de Schotten ass zwar no der Hell benannt - ma léisst erstaunlech vill Luucht eran.

Theaterkritik: "Hécube pas Hécube" vum Tiago Rodrigues
Ee Metatheaterstéck, an deem d'Tragedie vum Euripide op Maltraitance vu Kanner stéisst.

Filmkritik: "Jane Austen a gâché ma vie"
Des literaresch franséisch Komedie gouf am leschte Grousse Kino beschwat.
