Den 30. Abrëll spillen d’Lëtzebuerger Philharmoniker e Concert ënner der Baguette vum Gast Waltzing an dat ënner dem Titel “What a Wonderful World”. Den Titel huet awer näischt mam Lidd ze dinn, dat 1967 vum Louis Armstrong interpretéiert gouf. Vu wéi enger net esou wonnerbarer Welt do rieds geet a wéi eng Roll d’Musek spillt, fir Léisungen ze fannen, dat an nach vill méi verréit den Dirigent am Gespréich mam Marie Trussart. Awer och, wéi hien d’Entwécklung vun de Lëtzebuerger Philharmoniker an deene leschten 30 Joer matkritt huet.
arrow_back_ios
Klassik Aktuell
What a Wonderful World
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart