D'Luxembourg Saxophone Association huet vum 7. bis 9. Abrëll hiren alleréischte Saxofonsfestival zu Lëtzebuerg fir Klassesch- an Jazzsaxofonisten a -saxofonistinnen organiséiert. Ufank vun der Ouschtervakanz hat d’Saxofonsfamill sech zu Esch versammelt, fir an deenen ënnerschiddlechsten Ateliere ronderëm dat polyvalent Instrument ze schaffen. Si waren alleguer komm: vum Sopran iwwer den Alto an den Tenor bis bei de Bariton.
De Guy Engels huet e puer Andréck vun Esch matbruecht.