Klassik Aktuell
Hommage à Alexander Mullenbach
4 min
Den 2. Mäerz 2025 ass zu Helleng um Kergerhaff e Concert zu Éiere vum Lëtzebuerger Komponist Alexander Mullenbach. Obwuel den A. Mullenbach zu Salzburg doheem ass, wäert hie fir dësen Optrëtt zu Lëtzebuerg sinn. Hien huet och de Programm selwer zesummegestallt. Um Programm sti Wierker vu lauter bekannte Lëtzebuerger Nimm, dorënner och den Alexander Mullenbach selwer. Et wäert och eng Uropféierung gespillt ginn. D'Exceptioun um Programm, dee vun ARS NOVA Luxembourg interpretéiert gëtt, ass déi franséisch Komponistin Pierrette Mari.
D'Initiativ fir den "Hommage à Alexander Mullenbach" ze organiséiere geet op säi fréiere Schüler an hautzedaags selwer etabléierte Komponist Camille Kerger zeréck.
Weider Detailer fannt dir ënnert https://www.opus.radio/
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes