Klassik Aktuell
"Picture a day like this"
4 min
"Picture a day like this" ass eng Oper, déi de brittesche Komponist George Benjamin 2023 um Festival d'Aix-en-Provence kreéiert huet. Et ass eng Koproduktioun tëschent verschiddenen Opere- an Theaterhaiser, ënner anerem dem Groussen Theater an der Stad an dem Royal Opera House zu London. Den 28. Februar steet déi Oper op der Affiche am Groussen Theater an der Stad. Mat dobäi sinn den Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL), 5 Sängerinnen a Sänger, 3 Acteuren an natierlech d'Dirigentin vum OCL, d'Corinna Niemeyer.
Et ass eng zäitgenëssesch Oper, déi awer och ganz universell an zäitlos ze verstoen ass. D'Co-Regisseurin Marie-Christine Soma beschreift se als "opéra intime et proche des gens et délicat".
De Lex Kauffmann huet sech mat hir a mat der Corinna Niemeyer iwwer hir Zesummenaarbecht an dëse Projet ënnerhalen.
Presentéiert vum
- Lex Kauffmann