Klassik Aktuell
Andréck an déi portugisesch Museksgeschicht
4 min
Mat der Ënnerstëtzung vum portugisesche Kulturzenter Camões an der portugisescher Ambassade zu Lëtzebuerg, schaffen Lisboa Cantat an den Dirigent Jorge Carvalho Alves schonn eng Rei Jore mat hire Chéier un Albume mat portugisescher klassescher Musek.
De Coro Sinfonico an de Coro de Camara vu Lisboa Cantat hunn an enger Serie bis ewell véier Albume mat portugisescher Musek aus dem 20. an 21 Joerhonnert erausbruecht. Mam fënnefte Volume gi si elo siwe weidere Komponisten op d'Spueren.
Am Gespréich mam Lex Kauffmann verzielen d'Adilia Martins de Carvalho vum portugisesche Kulturzenter Camões an de Leeder vum Projet Jorge Carvalho Alves, wéi dës Produktioun zustane koum.
Presentéiert vum
- Lex Kauffmann