Klassik Aktuell
Den éischten Album vum Arthur Stockel
Zwee bis dräi Joer huet d'Planung, d'Ophuelen an d'Finalisatioun vun Arthur Stockel sengem éischten Album gedauert.
D'Wierker vum Carl Maria von Weber begleeden de jonke Museker awer schonn zanter sengem 13. Liewensjoer.
Ugefaangen huet et als Repertoire fir ee Concours, bäi deem den Arthur Stockel gewanne konnt. Ma elo huet dës Musek et op säin éischten Album gepackt, deen zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker an dem Dirigent Leo McFall entstanen ass.
Am Gespréich mam Lex Kauffmann, schwätzt de Klarinettist iwwert dës intensiv Zäit an de Prozess vun der Produktioun.
Presentéiert vum
- Lex Kauffmann