Klassik Aktuell
Zéng Joer Choeur de Chambre de Luxembourg
3 min
Scho virum éischte Concert mam deemools nei gegrënnte Choeur de Chambre de Luxembourg, wousst den Dirigent Antonio Grosu, datt hien 2024 dem Anton Bruckner seng Mass a Fa Mineur wéilt op d'Bün bréngen. Elo, 10 Joer méi spéit, steet dëst Wierk zesumme mam Finale aus dem Komponist senger aachter Sinfonie an der Philharmonie op der Affiche. Datt et de Chouer well esou laang gëtt, erfëllt den Antonio Grosu mat Stolz, wéi hien am Interview beim Luc Boentges verréit. Zesumme schwätzen si iwwer de Chouer, seng Zesummenaarbecht mat der Militärmusek a seng Wënsch fir d'Zukunft vum CCL. Lassgeet et awer mat engem Bléck an d'Vergaangenheet.
De Concert ass den 10. Dezember 2024 um 8 Auer owes an der Philharmonie:
Programm:
Anton Bruckner
Mass a Fa Mineur
Sinfonie Nr. 8 - Finale: Feierlich, nicht schnell
Interpreten:
European Academic Orchestra
Musique Militaire Grand-Ducale
Chœur de Chambre de Luxembourg
Antonio Grosu, Direktioun
Natalia Tanasii, Sopran
Lilia Istratii, Mezzo-Sopran
Mihail Mihaylov Tenor
Alexei Botnarciuc, Bass
Presentéiert vum
- Marie Schockmel