The Bad Plus hunn ugefaangen als Power-Pianos-Trio mam Ethan Iverson, dee gouf kuerz vum Orrin Evans ofgeléist, duerno sollt d'Band e Quartett gi mam Chris Speed um Saxofon a mam Ben Monder op der Gittar, wat och déi aktuell Besetzung ass. D'Grënnungsmemberen Dave King (Batterie) a Reid Anderson (Kontrabass) hu sech awer fir déi 45. Editioun vum Saalfelden Jazzfestival eppes Spezielles afale gelooss. Mam Chris Potter um Saxofon a mam Craig Taborn um Piano, hu si e Quartett op d'Bee gesat, deen dem Keith Jarrett sengem sougenannten "Amerikanesche Quartett" aus den 1970er noäifert.
Playlist:
01. The Bad Plus feat. Chris Potter & Craig Taborn - If the Misfits wear It min.
02. The Bad Plus feat. Chris Potter & Craig Taborn - Gotta Get Some Sleep
03. The Bad Plus feat. Chris Potter & Craig Taborn - Le Mistral
04. The Bad Plus feat. Chris Potter & Craig Taborn - Silence
05. The Bad Plus feat. Chris Potter & Craig Taborn - Mushi Mushi