De Fergus McCreadie, Joergang 1997, ass an der schottescher Jazz-Zeen grouss ginn an huet sech séier och iwwer d'Grenzen eraus ee gudden Numm gemaach. Quasi Cliché-haft ass säin éischt Instrument den Duddelsak, mee séier fënnt hien de Wee op de Piano, studéiert um Conservatoire a léiert do d'Museker vu sengem Trio kennen. Säi Sound zeechent sech duerch eng klangmoleresch Approche un déi schottesch Landschaften aus, vu grousser Wäit anengem Hang zum Natierleche. Am Oktober 2025 liwweren si ee schéine Set am Erholungshaus vun de Leverkusener Jazztage.
Playlist:
01. Fergus McCreadie - Wayfinder
02. Fergus McCreadie - Sparrow Song
03. Fergus McCreadie - The Orange Skyline
04. Fergus McCreadie - The Path Forks
05. Fergus McCreadie - Lily Bay