arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Dali Zhu
Wat sinn d'Prioritéite vum zukünftegen DP-Buergermeeschter vu Contern?
Claude Strasser
100 Deeg no der Cyberattack op den Telekommunikatiounsreseau vun der Post verréit de Post-Generaldirekter, wat zënterhier erausfonnt an ënnerholl gouf.
Sérgio Ferreira
D'ASTI ass alarméiert iwwer den Niddergang vun der franséischer Sprooch hei am Land. Den Directeur politique vun der Auslännerorganisatioun erkläert firwat.
Laurent Schonckert
De Generaldirekter vum Grupp Cactus, engem vun den Haapt-Employeuren hei am Land, iwwer d'Ouverture vum neie Geschäft zu Esch a säi Réckzuch aus dem Alldags-Geschäft.
Gérard Thein
"Kënne mir bleiwe wat mir sinn?" freet sech den neie President vun der Fédération des Jeunes Dirigeants d'Entreprise a Patron vun engem Betrib an der Baubranche.
Claude Hirtzig
Ëmmer méi Online-Banking, ëmmer manner Agencen: wou steiert d'Bankgeschäft mat de Privatclienten hin? Froen un de President vum Retail Banking Cluster vun der ABBL.
Michel Lemaire
Froen un den ADR-Politiker, deen am November d'Mandat vum aktuellen Nord-Deputéierte Jeff Engelen an der Chamber iwwerhëlt.
Françoise Kemp
Déi jonk CSV-Deputéiert ass Rapportrice fir d'Pensiounsreform. Mir froen si wéi wäit d'Meenungen zu der Reform an der Chamber nach ausernee ginn.
Wéi vill Oprëschtung brauch Europa?
Doriwwer diskutéieren de Friddensfuerscher Dr. Herbert Wulf an de fréieren Colonel vun de Lëtzebuerger Arméi, de Patrick Fautsch.
Guy Wagner (Banque de Luxembourg Investments)
Vill geopolitesch Tensiounen, ëmmer méi Staatsscholden, an héich Douanestaxen - wéi grouss ass do d'Gefor virun enger Wirtschaftskris?
Tom Oswald (President vun der Lëtzebuerger Kriminologen-Associatioun ALC)
De President vun der Lëtzebuerger Kriminologen-Associatioun erklärt firwat besser Statistiken kënnen hëllefen fir Strofdoten ze bekämpfen.
Ann Müller
E Sonndeg geet d'Luxembourg Urban Garden (LUGA) op en Enn. Virun deem leschte Weekend zéie mer alt schonn e Bilan mat der Generalcoordinatrice vun deem Event.
André Wilmes
De President vun der (neier) ASBL LuxDefence iwwer d'Beméiungen, de Secteur vun der Verteidegung auszebauen.
Joëlle Fritz
D'Biologin aus dem LIH erkläert, wéi et dozou koum, dass Lëtzebuerg eng grouss Roll an der Parkinson-Fuerschung spillt, déi international zur Kenntnis geholl an unerkannt gëtt.
Martine Deprez
No der Hierscht-Quadripartite vu gëscht: Froen un d'Sozialministesch Martine Deprez iwwer déi schlecht finanziell Situatioun vun der CNS a Weeër do eraus.
Dr. Carlo Ahlborn
Den AMMD-Vizepresident an Zänndokter schwätzt iwwer seng Erwaardungen un d'Quadripartite vun haut an, méi allgemeng, un d'Gesondheetspolitik vun der Regierung.
Marguerite Krier
"Mir gesinn ee Brochdeel vum Schoulklima"