arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Paul Gries
Konsument sinn heescht och virsiichteg sinn: Dat weisen déi vill Arnaquen a Litigen. Wéi kënnen eis Rechter an deem Sënn besser geschützt ginn? Froen un deen neien ULC-President.
Thomas Lentz
Caritas-Affär: Wéi eng Follgen huet se fir de Sozialsekteur? Froen un de Generalsekretär vun der FEDAS, der Federatioun vun den Acteure vum soziale Secteur zu Luxembourg
Léon Gloden
Mam CSV-Inneminister geet haaptsächlech rieds iwwer déi däitsch Grenzkontrollen, déi e Schiet op de 40. Anniversaire vum Schengener Ofkommes geheien.
Nadine Berndt
D'Cheffin vum sougenannte Lëtzebuerger Point focal vun der Europäescher Drogenagence iwwer d'Tendenzen, déi sech am neien Drogerapport erausschielen.
Georges Mischo
Sonndesaarbecht, Sozialdialog, Koalitiounsklima an FLF sinn d'Theemen am Gespréich mam CSV-Aarbechts- a Sportsminister.
Yves Cruchten
Soll Lëtzebuerg Palästina offiziell als Staat unerkennen? Mir froen den aussepolitesche Spriecher vun der LSAP.
Carole Hartmann
D'Regierung steet am Moment bei ville Sujeten an der Kritik: Pensiounen, Ouvertureszäiten, Kollektivverträg. Wéi kann d'Situatioun entschäerft ginn? Mir froen d'DP-Presidentin.
Steve Heiliger
Firwat demonstréiert d'Staatsbeamtegewerkschaft den 28. Juni net zesumme mat LCGB an OGBL géint d'Pensiounspläng vun der Regierung? Mir froen de CGFP-Generalsekretär.
Charel Margue
An enger Ëmfro vun der ASTI schwätzt eng Majoritéit sech fir d'Auslännerwalrecht aus. Mee ass dat Resultat zouverlässeg?
Cynthia Recht
D'Presidentin vum Collège vun de Lycées-Direkteren iwwer déi verschäerften Handy-Reegelen, déi vun haut un och am Secondaire gëllen.
Gilles Feith
Mam CEO vun der Luxair geet rieds iwwer d'Rekordjoer 2024 an déi gewalteg Erausfuerderungen, déi déi national Airline an den nächste Joren ze meeschtere kritt.
Pim Knaff
Den Escher DP-Schäffen iwwer seng Steierbedruchs-Affär, seng politesch Zukunft a seng Kulturpolitik.
Natasha Lepage
Wat ass aus Youth for Climate ginn? Vun där jonker Klimaschutzbeweegung héiert een näischt méi. Huet d'Jugend d'Klima iere schonn opginn?
Steve Reckel
De Buergermeeschter vu Mondorf ass neie President vun der Muselentente. E Gespréich iwwer d'Aktivitéite vun där ASBL an iwwer seng Gemeng.
Michel Reckinger
Wéi positionéieren sech d'Patronen a Saache Pensiounen - a wéi soll de Sozialdialog rëm richteg ugekuerbelt ginn. Dat froe mir de President vun der Union des entreprises, UEL.
Claudine Konsbruck
No der Presentatioun vum Joresrapport schwätze mir mat der neier Ombudsman iwwer d'Schwieregkeeten, déi d'Bierger d'lescht Joer mat Staat a Gemengen haten.
Charel Schmit
Wéi gesäit den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, d'Ännerungen déi d'Regierung a Saache Jugendschutz- a Strofrecht proposéiert?
Dean Spielmann
De Lëtzebuerger Jurist a fréiere President vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter ass zanter Oktober 2024 Avocat général um EUGh. Wéi gesäit hien seng Roll?