arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Anne Goeres
Mir froen d'Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, wéi een d'Betreiung vu jonke Kriibspatienten hei am Land ka verbesseren.
Jean-Jacques Rommes
Wie bezilt zu Lëtzebuerg wéi vill Steieren, a kéint een d'Steierlaascht anescht besser verdeelen? Eng Analys mam Vize-President vum Wirtschafts- a Sozialrot.
Karin Waringo
D'Aktivistin vu Luxembourg under destruction kritiséiert dat neit Denkmalschutz-Gesetz, dat soss awer op ganz vill Zoustëmmung stéisst.
Christiane Brassel-Rausch
Déi gréng Buergermeeschtesch vun Déifferdeng iwwer d'Sécherheets-Situatioun an där drëttgréisster Gemeng vum Land
Xavier Bettel
De Glacis (Corona-Protester), Nanzeg (Plagiats-Affär), Peking (Grand-Duc bei Olympia) a Moskau (Ukrain-Konflikt) sinn d'Statiounen am Gespréich mam Staatsminister.
Carlos Calvo
De President vun der Chamber vun den Dierwiechter iwwer säi Beruff, den Accès dozou an d'Formatioun fir dohinner ze kommen.
Michel Welter
Den Associé a Gérant vum Concertssall Atelier iwwer schwéier vergaangen an hoffentlech besser zukünfteg (Covid-)Zäiten.
Pascal Ricquier
Mir froen de President vun der Policegewerkschaft SNPGL, ob Lëtzebuerg effektiv en Demonstratiounsgesetz brauch.
Romain Nati
Mir froen den Direkter vum Stater Centre Hospitalier, ob d'Spideeler d'Omikron-Well weider gestemmt kréien.
Monique Smit-Thijs
Mir froen déi nei Buergermeeschtesch vu Bartreng, wat si virun de Gemengewalen nach wëllt erreechen.
Jean Asselborn
Mir froen den Ausseminister, ob Diplomatie duergeet fir e Krich an der Ukrain ze evitéieren.
Guy Foetz
De Sater Gemengeconseiller vun déi Lénk iwwer Defiziter beim soziale Wunnengsbau an der Stad Lëtzebuerg
Raphaël Kies
De Politolog vun der Uni Lëtzebuerg, Initiateur vun der Lëtzebuerger Plattform fir participativ Demokratie, iwwer d'Aarbecht vum Klima-Biergerrot, déi muer ufänkt.
Claude Thill
Froen un den neie Buergermeeschter vun Dikrech, dee virun aacht Deeg vereedegt gouf.
Evandro Cimetta
Froen un den neien ASTI-President, deen d'Laura Zuccoli un der Spëtzt vun der Auslänner-Associatioun ofgeléist huet.
Mars Di Bartolomeo
De President vun där fir d'Revisioun vun der Verfassung zoustänneger Chamberkommissioun schwätzt iwwer d'Ännerungen, déi a sengem Kapitel virgesi sinn.
Philippe Mersch
Haut ass den Optakt vum Autofestival 2022: Froen un de President vun der FEDAMO