arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Marc Goergen
Firwat sinn d’Piraten bei de Chamberwalen hannert den Erwaardungen zréck bliwwen? Mir froen hire Partei-Coordinateur.
Andrew Ferrone
Wat erwaarden d’Wëssenschaftler aus dem Observatoire vun der Klimapolitik sech vun der neier Regierung? Mir froe hire President.
François Bausch
Virun enger Woch hunn Déi Gréng déi heftegst Waldéfaite an hirer Geschicht erlieft. Wéi konnt et dozou kommen? Dat froe mir den erfuerenste grénge Politiker.
Paulette Lenert
Fënnef Deeg no de Chamberwalen äntwert d'LSAP-Spëtzekandidatin ë.a. op d'Fro, wéi si de Walsonndeg erlieft a verdaut huet a wéi eng Roll si fir sech an der Oppositioun gesäit.
Marc Niederkorn
No nëmmen engem Joer huet d'SNCI, déi national Kredit- an Investitiounsgesellschaft, hiren Direkter entlooss. Dee Concernéierten erkläert, wourun hie gescheitert ass.
Gérard Schockmel
Den Infektiolog aus den Hôpitaux Robert Schuman gëtt DP-Deputéierten. Mee am Fong geet dat him net duer.
Alexandra Schoos
14 Joer nom Robert Mehlen huet d'ADR nees en Deputéiertemandat am Bezierk Oste gewonnen. D'Alexandra Schoos ass déi éischt Fra, déi fir d'Partei an d'Chamber kënnt.
No der Chamberwal: D’Parteispëtzte reagéieren
Den CSV-President Claude Wiseler, d’DP-Generalsekretärin Carole Hartmann, déi gréng Presidentin Djuna Bernard, an d'Francine Closener, Co-LSAP-Parteipresidentin, diskutéieren iwwer d’Walresultat.
Live-Debat: Wéi komme mir aus der Logementskris?
Semiray Ahmedova (déi gréng), de Gary Diderich (déi Lénk), d’Mandy Arendt (Piraten) an den Tom Becker (Fokus) diskutéiere live zu Miersch.
Sven Clement
D’Piraten hoffen drop de Kinneksmaacher vun der neier Regierung ze ginn. Mee wéi eng Fuerderunge géife si iwwerhaapt un déi aner Parteie stellen?
Blanche Weber
Léisst dës Walcampagne hoffen, datt Lëtzebuerg an den nächste fënnef Joer méi séier am Klimaschutz virukënnt? Mir froen d’Presidentin vum Mouvement Ecologique.
Fred Keup
Den ADR-President seet, hie géif keng Antisemitten a Rietsradikaler a senger Partei toleréieren. Mee wéi glafwierdeg ass dat nach?
Elefannteronn: Bettel, Lenert, Frieden an Tanson am Live-Debat
D’Spëtzekandidate vun DP, LSAP, CSV an déi gréng sti sech 40 Minutte laang live géintiwwer.
Wéi gi mir de Stau lass?
Den Yves Cruchten (LSAP), d’Barbara Agostino (DP), de Fernand Kartheiser (ADR) an de Marc Goergen (Piraten) diskutéieren zu Käerjeng doriwwer, wéi eng Mobilitéitspolitik an den nächste fënnef Joer gebraucht gëtt.
Carole Thoma
déi Lénk fuerderen ënner anerem eng “Jobgarantie” fir jiddwereen dee schaffe wëllt, an eng 32-Stonne-Woch. Mee wéi realistesch sinn esou Fuerderungen? Mir froen eng vun de Spëtzekandidatinnen.
Marc Ruppert
Fokus versprécht couragéiert nei Iddien. Mee fir wéi vill Verännerung steet dei nei Partei wierklech? Mir froen ee vun hire Spëtzekandidaten aus dem Zentrum.
Raoul Schaaf
Och virun de Chamberwale gëtt nees vill iwwer de Garer Quartier an der Stad diskutéiert. Mee wéi kann een d’Situatioun do wierklech verbesseren? Mir froen de President vum Suchtverband.
Giovanni Patri
D’Kandidateleschte vu Liberté-Fräiheet sinn am Summer a Rekordzäit enstanen. Mee zitt d’Partei wierklech un engem Strang? Mir froen de Spëtzekandidat aus dem Südbezierk.