arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Georges Mischo
Um Stéchdag vun de Sozialwalen schwätze d'Christiane Kleer mam CSV-Aarbechtsminister iwwer d'Bedeitung vun dësem Rendez-vous fir d'Aarbechtswelt a fir d'Politik.
Noémie Sadler
Déi jonk Affekotin presidéiert zanter leschter Woch déi consultativ Mënscherechtskommissioun. Mir froe si, wéi si un dës nei Erausfuerderung erugeet, a wat d'CCDH an den nächste Méint vun der Regierung erwaart.
Michelle Cloos
D'OGBL-Gewerkschaftssekretärin, déi den 1. Mee Generaldirectrice vum Grupp Editpress gëtt, ass Invitée um Internationalen Dag vun der Fra.
Gilles Roth
Den Dag no der Virstellung vum Budgetsprojet 2024: Froen un de Finanzminister
Claude Reuter
Virun de Sozialwalen: Froen un de President vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC, déi am zweeten Ulaf e Sëtz an der CSL upeilt.
Martine Hansen
Nom Landwirtschaftsdësch vu gëschtER: Froen un d’CSV-Agrarministesch.
Guy Entringer
Mam Direkter vun der SNHBM schwätze mir iwwer déi aktuell Kris am Secteur, a mir froen hien, firwat déi ëffentlech Promoteuren net beim Logementsdësch dobäi waren.
Monica Semedo a Frank Engel
D'Monica Semedo gouf wéinst Mobbing zweemol vum Europaparlament sanktionéiert. Firwat stellt Fokus si elo trotzdeem fir d'Europawalen op? Mir froen de Parteispriecher an d'Monica Semedo selwer.
Isabel Wiseler-Lima
Wéi eng Schwéierpunkte wëllt d'CSV am Walkampf fir d'Europawale setzen? Mir froen der CSV hir déngschteelsten Europadéputéiert, déi och nach eng Kéier mat an d'Course geet.
Steve Thull
De franséische President schléisst westlech Truppen an d’Ukrain net aus. Musse mir eis also drop astellen, datt och Lëtzebuerger Zaldote kéinten an de Krich zéien? Mir froen den Arméi-Chef.
Henri Reding
ArcelorMittal huet an de leschte Joren Aarbechtsplazen hei am Land ofgebaut. Wéi gesäit Zukunft vum Stolris zu Lëtzebuerg aus? Mir froen den Direkter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg.
Martine Goergen
D'Chirurgin gëtt dëse Freideg nei Generaldirektesch vum Stater CHL. Hire gréisste Chantier gëtt fir unzefänken deen op der Areler Strooss. Wat ännert sech fir d'Personal a fir d'Patienten?
François Bausch
Themen: seng Kandidatur op der grénger Europalëscht, säi Bilan no 100 Deeg schwaarz-blo a seng Aschätzung no 2 Joer Ukrainkrich.
Roberto Mendolia
D'Zäit vun der renger Bankegewerkschaft ass eriwwer: d'ALEBA wëll sech als 3. gouss Gewerkschaft am Privatsecteur etabléieren.
Nora Back a Patrick Dury
Knapp dräi Woche virun de Sozialwalen: D'Presidentin vum OGBL an de President vum LCGB iwwer Differenzen a Gemeinsamkeeten
André Mehlen
Mam Generaldirekter vu Vinsmoselle schwätze mir haut iwwer d'Erausfuederungen am Lëtzebuerger Wäibau
Armand Wildanger
Mam President vum NGL-SNEP schwätze mir iwwert déi kommend Sozialwalen. Moderatioun: Jacques Ganser.
Isabelle Medinger
D’Sécurité Routière fuedert méi streng Strofe fir geféierlecht Verhalen am Stroosseverkéier. Ass dat de beschte Wee fir Accidenter ze reduzéieren? Mir froen d’Direktesch vun der asbl.