Radioen

On air

De Moien  |  Nei an de Kinossäll dës Woch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Laurent Schonckert

E Gespréich mam Administrateur an Direkter Grupp Cactus ë. a. iwwer de Konsum an der Covid-Kris a verännert Akafs-Gewunnechten
headphones

17 min

play_arrow

Olivier Pirot

Deen neie Generaldirekter vun Amnesty International Lëtzebuerg iwwer den (Net-)Respekt vun de Mënscherechter a Covid-Zäiten - heiheem a weltwäit
headphones

13 min

play_arrow

Franz Fayot

Fage, Guardian, Covid a Koalitiounsklima: dat sinn e puer vun de Stéchwierder am Gespréich mam Wirtschaftsminister.
headphones

17 min

play_arrow

Dr. Paul Hédo

Sinn d'Leit wierklech esou staark psychesch belaascht, datt een d'Covid-Restriktiounen dowéinst lackere muss? Froen un e Psychiater.
headphones

18 min

play_arrow
Michel Reckinger

Michel Reckinger

Froen un den neie President vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen (UEL): Wéi interpretéiert hien d'Roll vum Patron vun de Patronen?

Marc Wagener

Mam neie President vum Nationale Rot fir déi ëffentlech Finanze geet et ëm d'Budgetspolitik a Krisenzäiten.

Frank Engel

Den CSV-President a fréieren Europadeputéierte begrënnt seng Kritik un der EU-Strategie fir Impfstoff anzekafen a kommentéiert déi nees méi labber Corona-Restriktiounen hei am Land.

Xavier Bettel

No den Decisioune vu gëschter: Froen un de Premier iwwer d'Covid-Politik vu senger Regierung.

Michel Pletschette

Wéi kritt Lëtzebuerg d'Pandemie nees an de Grëff? Hätt d'EU sech besser kënnen uleeën, fir méi Impstoff ze kréien? Froen un e Mikrobiolog an Epidemiolog.

Nora Back

Covid-Kris = wirtschaftlech Kris = sozial Kris? E Gespréich mat der OGBL-Presidentin um Ufank vun engem Joer voller Erausfuerderungen.

Nicolas Buck

De Patron vun de Patronen zitt Bilanz op sengem leschten Dag als President vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL).
Charel Schmit

Charel Schmit

Wéi wäit däerfen d'Kanner- a Jugendrechter ageschränkt ginn, fir d'Pandemie ze stoppen? Dat froe mir den zoustännegen Ombudsman.

Marie-José Jacobs

Mir froen d'Presidentin vu Caritas Lëtzebuerg, wéi déi Äermst an eiser Gesellschaft duerch d'Kris kommen.

Raymond Conzemius

De fréieren Direkter vum Sportslycée iwwer seng nei Missioun als Directeur technique adjoint beim COSL.

Leo Wagener

Mir froen de Weibëschof ob hie mengt, datt no der Kris nees méi Leit an d'Kierch kommen.

Bernard Baumgarten

Mir froen de Choreograph an artisteschen Direkter vum Danz-Zenter Trois C-L., wéi laang een als Artist ouni Public kann iwwerliewen.

Lex Delles

Mir froen de Mëttelstandsminister op Chrëschtshopping och an der Pandemie essentiell ass.

Guy Hoffmann

Wéi geféierlech ass d'Covid-Kris fir eis Banken? Dat froe mer de President vun der Bankenassociatioun ABBL.

René Steinhaus

De Generaldirekter vu lux-Airport iwwer dat schwieregt Corona-Joer 2020 an déi kaum besser Aussiichte fir 2021.

Dr. Anna Chioti

D'Cheffin vun der Division de la pharmacie et des médicaments an der Santé iwwer de Vaccin géint de Coronavirus an déi éischt Impfungen zu Lëtzebuerg.
headphones

18 min

play_arrow