Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Magnus & John - Fuse Together

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Carole Dieschbourg

Mir froen d'Ëmweltministerin, ob si frou ass, datt elo awer keng grouss Jugurtsfabrick op Beetebuerg kënnt.

Vic Arendt

Mir froen den Infektiolog aus dem CHL ob een no der Hausse vun den Infektioune geschwënn nees mat méi Covid-Patienten an de Klinicke muss rechnen.
Sam Tanson

Sam Tanson

Muss d'Kulturwelt scho geschwënn nees mat neie Restriktioune rechnen? Dat ass eng vun eise Froen un d'Kultur- a Justizministerin.

Corinne Cahen

Mir froen d'Integratiounsministerin, wat d'Regierung mécht fir de Rassismus zu Lëtzebuerg ze bekämpfen.
Fred Keup

Fred Keup

Mir froen den zukünftegen ADR-Deputéierten, wéi eng Akzenter hien an der Chamber wëllt setzen.
Roland Bastian

Roland Bastian

De Generaldirekter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg iwwer den ugekënnegten Ofbau vu 570 Aarbechtsplazen hei am Land.

Claudine Olinger

Déi nei Presidentin vun der Entente vun de Kompetenzzenteren iwwer d'Rentrée ënner Covid-Bedéngungen an hirem Beräich.
headphones

14 min

play_arrow
Max Leners

Max Leners

Firwat een d'Spezialfonge fir Immobilien ofschafe sollt: e Gespréich mam Co-Auteur vun engem Pabeier, an deem déi LSAP-no Fondatioun Robert Krieps genee dat fuerdert.
headphones

13 min

play_arrow

Alain Schmit

Mir froen de President vun der Dokteschassociatioun, wat de Lëtzebuerger Gesondheetssystem aus der Covid-Kris ka léieren.

Vera Spautz

Mir froen d'LSAP-Gemenge-Conseillère vun Esch ënner anerem, wéi d'Co-Locatiounen an der Minett-Metropol solle gereegelt ginn.

Ainhoa Achutegui

Mir froen d'Presidentin vum Planning Familial firwat et wichteg ass, datt d'Verhütungsmëttelen an Zukunft rembourséiert ginn.

Alain Massen

Mir froen de President vun der nationaler Elterevertriedung op dat sanitäert Konzept fir d'Rentrée an de Schoulen d'Strooss hält.

Claude Meisch

Mir froen den Educatiounsminister op d'Schoulen, trotz Corona, prett si fir d'Rentrée.

Lydie Polfer

Mir froen d'Stater Buergermeeschtesch op d'Pandemie d'Stad nohalteg verännert.

Michèle Wolter

E Gespréich mat der Chief Nursing Officer, déi am Gesondheetsministère Uspriechpartner fir déi 24 reglementéiert Gesondheetsberuffer ass.

Mike Koedinger

De Grënner a President vum Medienhaus Maison Moderne (Paperjam, Delano) iwwer déi geplangt Reform vun der Pressehëllef.
Franz Fayot

Franz Fayot

Ierfschaftssteier, Huawei, Guardian a Fage sinn e puer vun de Stéchwierder am Gespréich mam Wirtschaftsminister.
Guy Daleiden

Guy Daleiden

Den Direkter vum Filmfong iwwer déi Corona-bedéngt Problemer a Suerge vum Filmsecteur.
Andy Schleck

Andy Schleck

Een Dag virum Départ vum Tour de France 2020: e Gespréich iwwer eng speziell "Grande Boucle" während där hirer leschter Woch hei am Land den Tour de Luxembourg gefuer gëtt.

Charles Hary

Normalerweis wär elo Schueberfouer: De President vun der "Fédération nationale des commerçants forains" schwätzt iwwer d'Problemer vun de Lëtzebuerger Kiermesleit.